Mathé ass jo esou eng Saach, déi eng haassen et, anerer kennen net genuch dovu kréien. Dacks ass et awer esou, dass Mathé eben net just rechnen ass, mee och eng gewësse Sproochkompetenz verlaangt. Fir Kanner, déi déi Sproch dann nach net oder net esou gutt schwätzen, kann dat zum Handicap ginn. D´MaGrid-App ass vun der Uni Lëtzebuerg entwéckelt ginn an soll Kanner Rechne bäibréngen ouni Sproochen. An domadder hunn si souguer en Präis gewonne mat europäescher Konkurrenz. D´Lea Schwartz huet mat engem vun den Entwéckler geschwat.

14/10/2021 Wat ass d'MaGrid-App?

De Social Innovation Tournament ass e Präis vun der Europäescher Investment Bank, déi all Joers déi Firmaen oder Start-Upen auszeechent, déi e positiven Impakt op eis Gesellschaft hunn. D'Start-up LetzMath, déi aus der Uni Lëtzebuerg eraus entstanen ass, sinn déi éischt Lëtzebuerger, déi dëse Präis gewannen. Si goufe fir d'éischt mat 14 anere Finalisten op Lissabon agelueden a sinn um Enn als Gewënner erausgaangen. D'Tahereh Pazouki ass eent aus der Equipe ronderëm d'App MaGrid.
 
Tahereh Pazouki: Ech sot mir direkt, och wa mir net gewannen, wäert ech net traureg sinn an ech wäert et och net a Fro stellen. Wëll ech hunn déi aner Projeten all kannt a wéi gutt déi fonctionéieren. Ech si wierklech frou, dass mir dee Präis awer elo gewonnen hunn. Dat weist wéi wichteg d'Thema ass un deem mir dru sinn.
 
MaGrid ass en Trainings-Programm fir Kanner an hëlleft hinnen hir kognitiv a mathematesch Fäegkeeten ze verbesseren. Wat u sech net ganz nei kléngt, dat besonnescht dorunner ass, dass dat onofhängeg vun der Sprooch fonctionéiert. Do kënnen Ënnerscheeder scho fréi entstoen tëscht Kanner, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn an déi et réischt léieren. Deen Ënnerscheed kann sech am Laf vun enger Schoulkarriär verschäerfen.
Tahereh Pazouki: Mir hu gesinn, dass et hei zu Lëtzebuerg eng Erausfuerderung gëtt, déi schonn am Fondamental ufänkt. D'Majoritéit vun de Kanner léiere Lëtzebuergesch als  zweet Sprooch, et ass net hir Mammesprooch an dann hunn si Probleemer d'Uweisunge vun den Aufgaben ze verstoen. Probleemer, déi och Kanner hunn, déi net gutt héieren, déi Probleemer mam Liesen hunn oder autistesch sinn.
 

Fir déi Erausfuerderunge gouf et e puer Usätz, wéi een dat léise kéint. An ee war eben een Trainingsprogramm opzestellen, deen ouni Sprooche fonctionéiert. Dat war den Ufank vun der MaGrid-App. Dem Léierpersonal kann et och Informatioune ginn ob Kanner eng Uleedung vun enger Aufgab vläicht net verstinn oder awer wierklech d'Léisung net wëssen. Esou kënne si novollzéie wou de Probleem läit. Eng Erausfuerderung, déi net just Lëtzebuerg betrëfft.
Tahereh Pazouki: Mir hunn eigentlech geduecht dat wär e Probleem fir Lëtzebuerg, wëll hei vill Kanner mat engem Migratiounshannergrond sinn. Mee wéi mir bis d'Resultater vun der Etüd verëffentlech haten, krute mir Opmierksamkeet vun iwwerall op der Welt an eis ass kloer ginn: Dat ass net just eng Erausfuerderung zu Lëtzebuerg, mee op der ganzer Welt.
 
D'App gouf an iwwer 20 verschiddene Lëtzebuergesche Schoule getest. Zanter Mäerz 2020 kann se am Fondamental genotzt ginn. Bis Enn des Joers soll se och fir doheem accessibel sinn. Bis elo gëtt et de Programm fir Kanner tëscht 3 a 9 Joer. Et géif een elo kucke fir och méi ale Schüler esou eppes unzebidden. D'Präisgeld vu 75 000 Euro fir déi éischt Plaz beim Social Innovation Tournament wäert do ganz geleeë kommen.

Méi Informatiounen fannt dir hei:

oder: