20 Joer gëtt et den INCCI elo, dat ass de nationalen Häerzzenter. Um Site vum Centre Hospitalier ass dës Ulafstell fir alleguerten déi Leit, déi Problemer um Häerz hunn. Eng 150 Leit schaffen do, dorënner 25 Dokteren. Den RTL-Reporter Loïc Juchem war de Moien do ënnerwee.

22/10/2021 20 Joër INCCI: Den Häerzzenter am RTL Wecker

De Loïc wollt do ënnert anerem vum Dr. Charpentier, Chirurg an Direkter vum Häerzzenter wësse wei eng Leit dann do genee behandelt ginn.

22102021 RTL Reporter BO 1

Och Coronapatiente ginn am Häerzzenter op der Intensivstatioun behandelt. E Problem un de Longen ass nämlech och geféierlech fir d'Häerz an dofir gëtt de Mënsch mat deene richtege Maschinnen um Liewe gehalen. Dat si genee déi Maschinnen iwwert déi ee wärend der Pandemie elo vill geschwat huet. Et ginn der net vill, et brauch ee vill Leit fir se kënnen a Betrib ze hunn a se sinn awer iwwerliewenswichteg. Iwwerhaapt gëtt et am Häerzzenter dat Bescht a Saachen Technologien, et huet ee souguer de modernsten Operatiounssall aus Europa. E sougenannten Hybrid-Operatiounssall, de Joe Marx mat Detailer.

22102021 RTL Reporter BO 2

De Loïc war de Moien net nëmme mam Chirurg bei enger Operatioun um Häerz mat dobäi, mee hien huet sech ech fir den interventionelle Kardiolog interesséiert. Wat ass dat iwwerhaapt? Dat huet him den Dr. Philippe Degrell erkläert.

 

22102021 RTL Reporter BO 3

Den RTL-Reporter war also am nationalen Häerzzenter ënnerwee, vill Fotoe vun de Moie fannt der de Moien op radio.rtl.lu.