Haut ass den Intersex Awareness Dag, esou Eventer ginn dofir geholl fir Themen an de Virdergrond ze setzen, iwwert déi net esou dacks geschwat gëtt. Esou och iwwer Inter-Persounen, also Leit déi op d'Welt komme mat männlechen a weibleche Geschlechtsdeeler. Also tëscht de Geschlechter sinn. De Chancëgläichheetsministère an der Belsch geet zum Beispill dovunner aus, dass 1,7 Prozent vun der Bevëlkerung intergeschlechtlech sinn.  Meeschtens ass dat awer eppes wat een net un d'Ëffentlechkeet dréit. Et ass ee groussen Tabu ronderëm. Deem soll elo entgéint gewierkt ginn, mir hunn mat enger Schrëftstellerin geschwat, déi ee Buch iwwert een Inter*Kand geschriwwen huet.

26/10/2021 Intersex Awareness Dag - D'Animatioun Jill ist anders

"Jill ist anders" ass ee Kannerbuch vum Ursula Rosen. Si huet sech laang dofir agesat, dass d'Thema och a Science Bicher ugeschnidde gëtt an net just iwwert Mann a Fra geschwat gëtt, mee och iwwert déi Persounen, déi tëscht de Geschlechter sinn. Déi souwuel männlech, wéi och weiblech Geschlechts Charakteristiken hunn.

RTL

© Salmo Verlag

Dofir huet si sech entscheet en eegent Buch ze schreiwen a scho bei de Kanner unzefänken ier et an der Schoul richteg lass geet. Fir d'Spillschoul.

Ursula Rosen: Jill ist ein Kind das weder männlich, noch weiblich zugeordnet ist und Jill kommt in den Kindergarten. Die anderen Kinder sagen, an deinem Namen kann ich nicht erkennen. Bist du ein Junge, oder ein Mädchen? Sie fragen dann die Mama, die dabei ist. Ist Jill ein Mädchen oder ein Junge. Die Mama sagt dann, wir wissen es nicht. Vielleicht ist Jill beides. Und da sind die Kinder erst einmal verwundert. Und sagen, das haben wir ja noch nie gehört und versuchen sich dann im Laufe der nächsten Tage sich das kindgerecht zu erklären und versuchen herauszufinden, was Jill denn nun sein könnte.

Den Haaptcharakter Jill gesäit sech net an deenen Tiräng an deem d'Kanner hie probéieren ze stiechen. Mee esou geet net just dem Jill. Och déi aner Kanner sinn net mat all den Opdeelungen averstanen. Sou probéieren si erauszefannen op dat neit Kand dann elo ee Jong oder ee Meedchen ass, andeems si kucke wéi eng Faarwen dem Jill gefalen. Rosa fir Meedercher, blo fir Jongen. Mee och dat klappt net, wëll net all d'Meedercher hunn rosa gären an ëmgedréit. Dat weist d'Limitten dovunner, wann een sech u Klischeeë festhält wéi een ze sinn huet, just wëll een deem engen oder anere Geschlecht ugehéiert.

Ursula Rosen: Und das ist so schade, in allen Kindern steckt so viel Potential. Und umgekehrt gibt es das ja auch. Wenn ein Junge eher weich ist und gerne tanzt und gerne Musik hört und vielleicht liest und nicht Fußball spielt, dann ist das doch schön. Es ist ja nicht so, dass alle Jungs sich gleich verhalten müssen. Und alle Mädchen sich gleich verhalten müssen. Also diese Vielfalt ist einfach etwas sehr sehr positives, und wir müssen die Kinder so lassen wie sie sein wollen. Welches Potential sie mitbringen. Das sehen wir ja dann ja.

Déi ganz Geschichte gouf elo och vum Lëtzebuerger Kënschtler Luan Lamberty animéiert. An den Owend ass d'Première vum Film zu Miersch am Festsall vum LTPES. Hei ass d'Haaptfigur Jill dann och scho puer Joer méi al a geet an de Fondamental. An gëtt mat änlechen Erausfuerderunge konfrontéiert. Fir hiert Buch huet d'Ursula Rosen aus eegener Erfarung geschriwwen. Si huet ee Kand wou am Ufank net kloer war wéi ee Geschlecht et hätt.

Ursula Rosen: Für mich war das dozusagen für mich selber ein wichtiges Buch, Weil ich gerne gesagt hätte, so wäre ich gerne gewesen, als mein Kind klein war. Das hat sehr lange gedauert bis ich es auch schaffen konnte, es auch anderen zu erzählen. Weil es ein unglaubliches Tabu war, eigentlich immer noch ist. Weil mir gesagt wurde, nach der Geburt. Das dürfen sie niemals jemandem sagen, es darf niemand wissen, nicht einmal ihre Familie. Und es hat wirklich mehrere Jahre gedauert bis, dass ich dieses Tabu auch aufbrechen könnte. Und mich fragen konnte, wieso darf das denn niemand wissen? 

Intergeschlechtlichkeit ist doch kein Mackel. Das ist doch nichts wofür man sich schämen müsste. Deshalb ist dieses Buch auch für junge Eltern geschrieben, die das ihren Kindern geben. 

Mëttlerweil weess si, dass hiert Kand sech als Fra gesäit. Vill Inter*Persoune bléiwen hiert Liewe laang "tëschent" de Geschlechter, wëll si sech genausou wuel fillen. Anerer mierken am Laf vun hirem Liewen, datt si éischter ee Mann oder eng Fra wëlle sinn. Dat ass awer eng individuell Entscheedung. Déi gëtt awer dacks ville Kanner scho bei der Gebuert geholl. Zu Lëtzebuerg an a villen anere Länner gi Kanner, déi keen eendeitegt Geschlecht hunn, dacks nach als Bëbeeën operéiert.

Eng Praktik, déi op Kritik stéisst. 


All d´Eventer am Kader vum Intersex Awarenessdag fannt dir hei: