Nodeems 2020 d’Frankfurter Buchmesse gréisstendeels an den digitale Raum verluecht gi war, ass déi 73st Editioun dëst Joer nees bal ewéi gewinnt. D’Bea Kneip mat Andréck vu Frankfurt

21/10/2021 Andréck vun der Frankfurter Buchmesse 2021

D’Frankfurter Buchmesse huet nach bis de 24sten Oktober hir Diren op, de Grand Public kann dëst Joer net eréischt e Samschdeg an e Sonndeg mat dobäi sinn, mä schonn e Freideg Nomëtteg vun 2 Auer un. Ticketen muss een allerdéngs am Internet kafen ier een op Frankfurt fiert, op der Plaz ass dat net méiglech. All weider Detailer fënnt een op www.buchmesse.de