"Astérix et le Griffon" heescht deen 39. Album aus der Serie, deen éischten deen zanter dem Doud vum fréieren Zeechner Albert Uderzo erauskomm ass. Deen huet sech jo scho méi laang aus der aktiver Produktioun zeréck gezunn, esou datt och dësen Album nees vum Duo Jean-Yves Ferri fir den Zeenario an Didier Conrad fir d'Zeechnunge realiséiert ginn ass.

21/10/2021 Dee neien Astérix ass do

An der Traditioun vun der Serie, an deenen d'Albummen an deenen den Astérix an den Obélix eng Aventure an hirem Duerf oder an der Noer Ëmgéingend erliewen an eng Aventure an där si mäi wäit reesen sech ofwiesselen, ass dat hei nees een Album, an deem et op d'Rees geet. Et ass een Eastern, am Géigesaz zum Western, an deem et dës Kéier ganz wäit an Osteuropa, bei d'Vollek vun de Sarmates, déi an deemools an der Regioun gelieft hunn, wou haut Polen, Ungarn, Rumänien a Russland sinn. An do fléissen da vill Elementer aus dem Folklor vun de slawesche Länner mat eran.

U sech wollt den Zeenarist sech fir deen neien Album mat der Relioun aus der Zäit vun de Gallier beschäftegen an huet erausfonnt, datt et an der Zäit an där dem Asterix seng Aventure spillen eng Partie Representatioune vu Monstere gouf, déi hien inspiréiert hunn. Mä déi Monsteren kennt haut kee méi, dofir huet hie sech op déi mythologesch Monstere beschränkt, déi d'Réimer och kannt hunn. An dofir spillt de Griffon hei eng Roll, well de Griffon ass ee mythologescht Wiesen, dat bei villen Zivilisatiounen ze gesinn ass. Hallef Léif, hallef Adler. An d'Réimer reesen an d'Land vun de Sarmates, fir dee Griffon fir de Jules César ze anzefänken, wouvun hi vun engem Geograf, dem Terinconus, iwwerzeegt ginn ass. Den Astérix an den Obélix ginn natierlech dohi geschéckt, fir dem Vollek vun de Sarmates ze hëllefen, sech géint d'Invasioun vun de Réimer ze wieren.

A grad ewéi an deene leschten Albummen och, ass déi nei Aventure och nees ee Spigelbild vun eiser Gesellschaft. Hei geet et ëm de Spiritualismus, mä och ëm den Ëmgank mat der Natur. Wann am leschten Album d'Greta Thunberg schonn als Virbild fir d'Haaptfigur gesi ginn ass, spillt d'Fridays for Future Beweegung also hei och am roude Fuedem vun der Geschicht eng Roll.

Donieft ginn et awer och nees vill witzeg Zeenen an deem neien Album, zum Beispill déi, an där den Idéfix ausflippt, a wie sech nach un d'Grande Traversée erënnert, wou déi zwee jo an Amerika waren: Den Obelix huet do d'Glouglouën (Schnuddelhénger) als Liewensmëttel entdeckt. An och hei erwaarden d'Gallier nees kulinaresch Spezialitéiten aus der Regioun an déi si reesen. Vun deenen den Obelix awer nëmmen zum Deel begeeschtert ass. Mä natierlech ass um Enn nees alles gutt, d'Gallier kommen nees heem an den Album hält mat deem traditionelle Festiessen op.

"Asterix et le Griffon" heescht deen 39. Album aus der Asterix Serie, deen Dir vun elo un an de Librairien, Zeitungsbutteker a Supermarchéeë fannt. 5 Milliounen Exemplaire si vun där neier Aventure gedréckt ginn an se ass a 17 Sproochen iwwersat ginn.