Trageschen Accident op engem Filmset zu New Mexico. Den Alec Baldwin huet wärend den Dréiaarbechten zum Western «Rust» d’Kamerfra erschoss an den Regisseur schwéier blesséiert. Wat genee geschitt ass, muss d’Police nach klären. Dat werft Froen op.

22/10/2021 Requisiten am Film: Wou komme se hier?

Et erënnert un de Fall Barndon Lee. De Fils vum Bruce Lee gouf vu sengem Papp um Set erschoss an ass 12 Stonne méi spéit, op engem 31. Mäerz vum Joer 1993, am Spidol gestuerwen. Änlech muss d'Situatioun zu New Mexico um Set ofgelaf sinn. Um Enn ass eng Persoun dout, eng aner schwieft a Liewensgefor.Wat sinn dat fir Waffen déi a Filmer zum Asaz kommen, dat hu mer beim Ken Fitzke nogefrot, de Ken ass vun "Axis-7 special effects" si hu scho Produktiounen wéi Dreamland oder och Rebell mat Requisite versuergt.

Ken Fitzke:

Beim Film ginn et vill Zorten u Waffen. Dat fänkt u bei Gummispistoulen. Dat si Replikaen déi ginn aus Gummi no gegoss. Wann en Acteur domat eng soll op de Kapp kréien, dass déi gutt mëll ass. Da ginn et Plastikspistoulen et ginn och Airsofts benotzt fir den Hannergrond bis hinn zu Filmwaffen. Dat sinn normalerweis richteg Waffen, déi ginn ëmgebaut op Filmwaffen. Dat gëtt och net einfach esou gemaach. Dat gëtt iwwerwaacht, well do ginn et Virschrëften wéi den Ëmbau muss gemaach ginn. 

Wéi fonctionéieren déi Waffen dann nach, wa se bis ëmgebaut sinn? Wéi kann et da sinn, dass déi nach ëmmer mat richteger Munitioun geschoss kënne ginn?

Ken Fitzke:

Et gi ganz ganz seele Fäll wou Pistoule gefrot ginn déi schwéier sinn opzedreiwen. Dat heescht déi hunn déi wéinegste Firmaen op Stock, da gëtt emol op eng richteg Waff zeréckgegraff. Dobäi muss ee soen, dat Ganzt geschitt mat militäreschem Drill. Net dass do iergendeen mat enger Pistoul um Set soll ronderëm lafen. Do sinn och Leit déi dat am A behalen. Dee kritt déi Waff kuerz virum Dréi a gëtt se duerno direkt erëm of.

De Ken huet awer och betount, wéi geféierlech Platzpatroune kënne sinn.

Ken Fitzke:

Och eng Platzpatroun ka liewensgeféierlech sinn. Dee Gasstraal deen do aus dem Laf erauskënnt huet immensen Drock.

Wéi esou eppes wéi zu New Mexico konnt geschéien, dat huet sech de Ken Fitzke och gefrot.

Ken Fitzke:

Do ginn et gewësse Reegelen. An deem heite Fall ass jo een hannert der Kamera erschoss ginn. Deementspriechend hätt ee kënnen do fir Sécherheet suergen. Et steet een z.B ni an der "line of fire" scho guer net wann et net am Bild ass. Wann ee muss a Richtung a Kamera schéissen wou villäicht e Kameramann sëtzt. Da gëtt dat mat Feier- a beschossfestem Glas geséchert. Och dann, wann et just eng Platzpatroun ass.

Um Filmdréi vu "RUST" gouf eng Kamerafra déidlech blesséiert de Regisseur schwieft a Liewensgefor. Wéi komme Requisiten bei de Film a wéi fonctionéieren dës Waffen? En Thema wat vill Sécherheet um Site vum Dréi erfuerdert wéi mer grad vum Ken Fitzke gewuer goufen.