Fréier huet de Volleksmond gesot, ech muss mam Auto op Sandweiler, dat bedeit, et muss een erëm mam Auto an déi technesch Kontroll. Haut kontrolléiert d’SNCT ronn 300 000 Gefierer d’Joer, an dat net nëmmen zu Sandweiler, mee och op villen anere Platzen am Land, eisen RTL Reporter ass haut an der Kontrollstatioun zu Esch, well och do ginn et e puer Nouveautéiten, Dan Vinkowski ?

17/11/2021 Kontrollstatioun: Mir ginn den RTL Auto of

Mir ginn elo mol den Auto of, a lauschteren an der nächster Stonn, wéi et weider geet an der Kontroll, De Link bei d‘SNCT a Fotoe kritt der iwwert radio.rtl.lu