Achtsamkeet ass gesond - dat ass wëssenschaftlech bewisen. Ëmmer méi Etüde beleeën déi positiv Aspekter vun dem bewosste Liewen. Et gi verschidden Übungen bei deenen een sech zum Beispill drop konzentréiert fir bestëmmte Kierperdeeler ze spieren oder eisen Otem bewosst ze notzen, ma zu de klasseschen Exercicer zielt awer och dat bewosst Iessen, eppes wat net schwéier ass ze léieren, Michèle?

19/11/2021 Mindful eating - Wann een all Maufel genéisst

Wien sech doranner üübt op säi Kierper ze lauschteren, dee stellt fest, dass dee ganz genee weess wat e brauch. Bei Stress ass dat a Wierklechkeet och net en drëtte Becher Kaffi an eng Tablett Schockela ma éischter Rou an eng Moolzecht déi niert.

Beim Mindful eating läit de Fokus och net op engem bestëmmte Gewiichts-But, ma et geet ëm de Prozess vum iesse selwer. Et verhënnert dass ee just aus Stress ësst an och ouni wierklech Honger ze hunn. Donieft léiert een och d'Decisioun ze huele wéini a wat ee wierklech iesse wëllt. D'Céline Genson, Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin:

Zum Beispill wann een d'Tendenz huet éischter aus emotionale Grënn z'iessen, fir sech mol bewosst ze ginn, wat en emotionaalt Iessen triggert, mol kucke wéi eng Gedanken gi mer duerch de Kapp, wéi huelen ech meng Decisioun wéini ech Eppes iessen, wat ech iessen, wéi vill ech iessen, an amplaz direkt onbewosst zum Kichelchen ze gräife, kann een sech mol duerch eng Reflexioun an eng Introspektioun bewosst ginn, dass de Kichelche vläicht guer net dat ass, wat ee grad brauch.  

RTL

© pixabay

Dacks iesse mer niewelaanscht, an der Hetz an denken un aner Saachen. Mindful eating heescht seng Moolzechte bewosst ze genéissen. D'Iesse schmaacht net nëmme besser ma et ass een och méi séier sat.

Et mierkt een einfach bei ganz ville Leit dass se eng ënnerlech Nervositéit an en ënnerleche Stress hunn, wéinst all deene Saachen déi se nach musse maachen, an dass se eigentlech de Moment selwer, do wou d'Liewen eigentlech wierklech stattfënnt, guer net matkréien. Hei ass d'iessen eng gutt Methode, fir ze probéieren nees e bëssen Achtsamkeet eranzebréngen. Amplaz séier ze kachen, a séier z'iessen, kann een domat ufänken sech eng gutt Atmosphäre an Zäit ze schafe fir z'iessen, fir och ze genéissen, an da mol och z'observéieren, wat dat fir en Ënnerscheed mécht. An dat kann och vläicht aner Beräicher ustiechen a mat veränneren.   

RTL

© pixabay

Mindful eating ass eng Aart z'iessen, déi jidderee léiere kann. Wärend munch Leit keng Gedold hunn, ass et fir anerer e richtegt Aha-Erliefnes. Och wann et sech t'éischt friem ufillt, da sollt een net direkt opginn an dat schéint ass, et kann ee bei all Moolzecht op en Neits nees probéieren.

Wann een dat Konzept vun der Mindfulness ausbreet, dat steet dacks am Zesummenhang mat e puer Übungen déi ee mat op de Wee kritt, dat kann ufänke moies beim Zännwäschen, dass ee mol era spiert wéi dat sech ufillt, wann d'Zännbiischt d'Zännfleesch beréiert, an sech op d'Erliefnes vum Moment ze konzentréieren. Mat dat kann een an all Beräich am Alldag ausprobéieren.  

E puer Froen déi een sech beim Mindful eating stelle kann:

Wéi gesäit mäin Iessen aus?

Wat fir eng Faarf huet et?

Wéi richt et?

Kann ech Eppes héieren?

Brutzelt et?

Wéi schmaacht et?

Wat fir e Goût verstoppt sech dran?

Héieren ech mech knaen?

Spieren ech schonn, dass sat sinn?

Wëll ech weider iesse, well et schmaacht oder brauch méi Kierper méi?

Schmaacht et nach ëmmer esou gutt wéi beim éischte Maufel?

RTL

© pixabay