Wien un d’Schmelz denkt, denkt un d’Héichiewen, déi stinn och nach um Belval a waachen iwwert dee Site, deen ëmmer méi grouss gëtt. Bis 1997 waren d’Héichiewen A a B nach aktiv, ma si sinn elo Industriemonumenter. Op deenen war d’Marie Gales wuel schonn, mä awer haut awer elo net. Well de Moien ass eis RTL Reporterin an der Schmelz bannendran, op Belval bei ArcelorMittal, do wou geschafft gëtt an zwar beim Elektrouewen.

24/11/2021 Bei ArcelorMittal zu Belval: Beim Elektrouewen
RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

Hei kommt Dir bei den nach méi groussen Interview:

24/11/2021 Bei ArcelorMittal zu Belval: Beim Elektrouewen (WEB Versioun)

De José Veloso, Meeschter an der Production à l’aciérie, deen och bei den Héichiewe geschafft huet, ass ënner anert anerem fir den Elektrouewen op ArcelorMittal Belval zoustänneg an de Romain Meyer schafft als Techniker op der Coulée continue zu Belval a bekëmmert sech ëm d'Sécherheet an d'Verbesserung op den Anlagen.

RTL
RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

Mëttwochs moies ass e kontrolléierten Entretien vum Elektrouewen an dofir konnt d'Marie Gales och bei den Elektrouewen ganz no kucke goen. Deen Uewen ass dann net a Betrib an da besteet och keng Gefor. Anerefalls wier dat net méiglech gewiescht, well Sécherheet ass héchste Prioritéit bei ArcelorMittal.

Dësen Elektrouewen gëtt mat enge 200 Tonne Schrott gefëllt an dee gëtt geschmolt mat enger Elektrode an deen Elektrouewe produzéiert eng 150 Tonne Stol an dat geet dann op d'Coulée continue erop an da geet et vun der flësseger Phas an déi fest Phase a verschidde Profiller. An da gi se duerno an d'Walzwierk.

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski