Sécherheet geet vir, d’Marie huet eis schonn e puer Foto geschéckt, wéi et ugedoen ass. Helm, Sécherheetsgezei a Schong oblige. Mir sinn haut de Moien an der Schmelz vun ArcelorMittal um Belval, wou iwwregens 24 op 24 Stonne geschafft gëtt an d'Marie steet elo nieft dem Roland Bastian.

24/11/2021 Bei ArcelorMittal zu Belval: Mam CEO Roland Bastian
RTL
RTL
24/11/2021 Bei ArcelorMittal zu Belval: Mam CEO Roland Bastian (WEB)

Dat ass de CEO of Belval Plant & Country Head Luxembourg. 3.400 Leit schaffen entretemps beim Group zu Lëtzebuerg an eng 1000+200 Sous-traitante sinn et am Ganzen zu Belval.

Schrott ass hiert Geschäft, hir Matière Première ass Schrott, also recycléiert Material. An dorausser ginn nees héichwäerteg Produiten hiergestallt, 1,3 Milliounen Tonne pro Joer an eng 4000 Tonnen den Dag.
Schrott kann alles sinn, vum Auto, Demoléierungsschrott, Offall aus der Automobilindustrie an och Béchsen, déi ginn zesumme gepresst an dann nees hei verwäert an dorausser ginn Träger an Palplanche hiergestallt.

RTL
RTL

Schmelzaarbechte sinn haut qualifizéiert Leit, déi beschtefalls en Handwierk hunn an ArcelorMittal sicht ëmmer nees motivéiert Leit fir hir
Produktioun ausbauen, dat ass de Futur vun ArcelorMittal.

Och d'Klimasuerge ginn net un hinne laanscht an dat ass e weideren Defi an der Zukunft. CO2 reduzéiere ass ee vun hire groussen Ziler, och wann et do scho vill Progrèse gouf, ma si bleiwen do engagéiert.

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski