Eisen RTL Reporter ass haut op der Schmelz ënnerwee. Wéi gefrot gouf, wee wëll op d’Schmelz, huet sech direkt d’Marie Gales gemellt. Schliisslech als Minettsdapp wier dat eng Éier och mol déi Schmelz vu bannen ze gesinn. De Moie goufe mir schonn esou munches gewuer, mir ware beim Elektouewen, hu mam CEO geschwat an elo hëlt d’Marie eis mat an d’Walzwierk....

24/11/2021 Bei ArcelorMittal zu Belval: Am Walzwierk
RTL
RTL

© Dan Vinkowski

RTL
RTL

De Fernand Di Oliveira schafft als Meeschter um Walzwierk an der Production au TMB (Train Moyen Belval), do ginn ënnert anerem Träger vu verschidde Längte a Breete gewalzt, da maache si och op där Strooss Wénkeleisen etc...Alles aus dem Elektrouewe kënnt op d'Coulée continue, dat gëtt gekillt an da komme se an d'Walzwierk wann e Client e Produit freet. 240 Tonne pro Stonn kënne gewalzt ginn, en Fonction vum Produit. Dëse gëtt e puer mol verformt, gekillt, gericht a geschnidden an dann agepak a dann geet de Produit fort.

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

Sécherheet ass e grousse Sujet bei Arcelor Mittal, villes gouf en place gesat fir d'Gesondheet vun hire Mataarbechter ze schützen. Eleng schonn d'Gezei ass wichteg fir en néidege Schutz ze hunn.

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski