Virun 40 Joer ass déi éischte Kéier eng mysteriéis Krankheet beschriwwe ginn. Jonk, schéngbar gesond Männer hu sech mat Krankheeten ugestach, déi eigentlech just Leit kruten, déi een immens schwaacht Immunsystem haten. Et ass een séier dovunner ausgaangen, dass et ee Virus war, deen déi vill verschidden Krankheetsbiller ausléist. Haut um Weltaidsdag kucke mir op déi Joren zréck, wéi d'Situatioun hei ass an an Afrika, wou verschidde Länner besonnesch betraff sinn. D'Lea Schwartz gëtt eis fir d'éischt emol e klengen Iwwerbléck, wat dat fir ee Virus ass.

01/12/2021 Weltaidsdag - Wat ass Aids?

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass Aids eent vun deene gréisste Gesondheetsprobleemer an huet bis haut 36,3 Millioune Mënscheliewe kascht. 1981 gouf et schonn zu enger Pandemie erkläert. Zwee Joer méi spéit konnt dunn och eng éischte Kéier den HI -irus vun engem franséische Wëssenschaftler isoléiert ginn.Och wann ee mëttlerweil weess, dass et de Virus och schonn éischter gouf. Den Dr. Vic Arendt aus dem CHL.

Dr. Vic Arendt: De Virus ass et wuel scho vill méi laang ginn. Also retrospektiv huet een dee Virus an Autopsie Piècë vun engem Matrous, deen an de 50er Jore gestuerwe war, kënnen noweisen. Elo wann ee phylogenetesch zréckgeet a kuckt wéini, dass dee Virus vum Af op de Mënsch iwwer gaangen ass, dann ass dat effektiv an der éischter Hallschent vum leschte Joerhonnert. Awer, dass en réischt eng grouss Expositioun kritt huet, dat war réischt an de 70er.

Anescht wéi am Ufank huet een awer mëttlerweil Medikamenter, déi d'Verbreedung vum Virus am Kierper verhënnere kënnen.Et kënnt zu Aids wann eng HIV Infektioun net mat Medikamenter behandelt gëtt. Dat geet awer just, wann een dann och erkennt, dass ee krank ass. De Jean-Claude Schlim vun der Associatioun Stop Aids Now, HIV Tester sinn och haut nach wichteg.

Jean-Claude Schlim: Den HIV Virus ass e Virus deen een net direkt erkennt. Also do ginn et praktesch keng Erscheinungen, wou ee seet hei dat mécht mir elo Suergen. Wat mir musse maachen, ass d'Leit opklären, dass et de Virus nach gëtt an, dass et ganz wichteg ass de Virus ganz schnell ze detektéiere fir, dass een dann och nach ka Medikamenter huelen. An och mat deenen neien Outilen, déi heeschen da PeP, dat heescht dat ass déi Pëll duerno.

Laang Jore ware Kondomen, déi eenzeg Mëttel fir sech beim Geschlechtsverkéier virun enger Iwwerdroung ze schützen. haut gëtt et och Medikamenter, déi ee Pep nennt. Dat steet fir Post- Expositions Prophylax a kann no engem Risikokontakt ageholl ginn. Et gëtt awer och PrEP, déi kann ee souguer Preventiv anhuelen, wann een zum Beispill weess, dass een Risikokontakter huet. Esou kann een d'Chance vun enger Ustiechung erofsetzen. Net ëmmer ginn déi Mëttel benotzt. Jean-Claude Schlim: Besonnesch bei der jonker Generatioun, déi d'Krankheet bësse méi abstrakt gesäit. Ech hunn dat gemierkt, ech hunn Workshoppe gemaach mat Klassen, wou een mierkt, dass déi haiteg Generatioun eigentlech net ganz vill kann domadder ufänken. Wat och net schlëmm ass, wann si weess, dass si sech och reegelméisseg sech soll teste loossen. Dat kann eemol am Joer sinn, och wann een elo keng Risikosituatioun hat. Ech mengen déi Tester sinn einfach, si sinn iwwerall ze kréien, si si gratis, wann een op déi Associatioune geet.

Et gëtt geschat, dass ongeféier 1.300 Persounen zu Lëtzebuerg mat HIV liewen. 15 Prozent wëssen et net. Haut ass d'Diagnos HIV Positiv zwar laang keen Doudesurteel méi. Wann een d'Krankheet fréi erkennt, kann ee Medikamenter huelen, déi de Virus praktesch "schlofen" leeën. E kann sech net méi weider am Kierper verbreeden, Aids kann net ausbriechen an et kann een och net méi viru ginn. D'Viraussetzung ass awer eng Fréierkennung, dat ka mat Tester gemaach ginn. Dofir ass och haut nach d'Sensibilisatioun esou wichteg. Datt grad déi Jonk do méi betraff sinn, spigelt sech och an deenen aktuellen Zuelen, nach eng Kéier den Dr. Vic Arendt.

Dr. Vic Arendt: Bei richtegen Neiinfektiounen, dat heescht bei Leit, déi nach virdrun an engem anere Land diagnostizéiert waren, hu mir 32 Neier. Dovunner hu mir 20 homosexuell Männer a wat besonnesch frappante ass. Dat ass de jonken Alter vun deenen do, do sinn der 6 dobäi, déi ënnert 25 sinn an nach 6, déi tëscht 25 a 35 sinn. Dat heescht d'Altersmoyenne vun Neiinfektioune bei Homosexuelle bei jonke Männer ass ganz niddreg, et ass vill méi niddreg, wéi et soss de Fall war. Dat heescht do ass ee reelle Probleem.

Dëst Joer gouf et 75 nei gemellten Infektiounen hei am Land. Dovunner der dann 32, déi sech och nei infizéiert hunn. Déi aner goufe scho virdrun an anere Länner diagnostizéiert, fléissen awer mat an déi Statistiken. Dat ass bësse réckleefeg, 2016 war dat Joer mat deenen héchsten Infektiounszuelen. Am nächsten Deel um 20 op 7 hu mir da mat engem Betraffene geschwat.