Haut an eisem RTL-Wecker geet et ëm den Weltaidsdag. Am éischten Deel si mir ënner anerem gewuer ginn, dass ënnert deenen 32 Neiinfektiounen vun dësem Joer virun allem ganz jonk Leit betraff sinn. Déi éischt Panik ronderëm Aids läit mëttlerweil bal 40 Joer zréck. Deemools wousst een kaum eppes iwwert deen Virus, deen bis haut vill Menscheliewen kascht huet. Den Jean-Claude Schlim huet sech 2009 a sengem Film House of Boys mat der Krankheet ausernee gesat. Dofir krut hien och de Lëtzebuerger Filmpräis, d'Lea Schwartz huet mat him geschwat.

01/12/2021 Weltaidsdag - D'Liewen mat Aids (RADIO)

An House of Boys geet et ëm de jonke Frank, deen an de 1980er Joren seng Heemecht verléisst fir op Amsterdam ze goen. Do schafft hien an engem Cabaret, dem House of Boys. Do léiert hien de Jake kennen an deen hien sech verléift. No puer Schwieregkeeten am Ufank kënnt d'Koppel zesummen. De Jake gëtt awer no enger Zäit krank, hien huet sech mat Aids ugestach, wou en och dunn un de Folge stierft. De Jean-Claude Schlim war de Regisseur vun deem Film am huet domadder och seng eegen Erkrankung bekannt ginn. Hien huet sech viru knapp 30 Joer ugestach, mat de Medikamenter déi engem haut zur Verfügung stinn, kéint een dat net vergläichen.

Jean-Claude Schlim: Ech mengen et ass awer och wichteg, dass d'Leit och d'Geschicht vun Aids kennen. Deemools war et een Doudesurteel, deemools sinn 100 Prozent vun de Leit, déi sech infizéiert hunn, sinn an deenen dräi, véier, fënnef, sechs Joer gestuerwen. Dat heescht du krus vun dengem Dokter een Doudesurteel wou en der Joren nach ginn huet.

Bei enger Infektioun mam HIV Virus, kann et am Laf vun de Joren ëmmer nees zu verschiddene Symptomer kommen, wéi zum Beispill d'Lymphdrüsen, déi uschwëllen oder Hautverännerungen, Duerchfall oder Féiwer. No enger Zäit fält et dem Kierper ëmmer méi schwéier fir de Virus an der Gitt ze halen. D'Immunsystem hëlt ëmmer méi of a Krankheeten, déi fir e gesonde Kierper kee Géigner sinn, kënnen dann net méi ofgewiert ginn. Ab da schwätzt ee vun Aids. Eigentlech harmlos Krankheeten, kënnen ee schwéier treffen. Et stierft een net un Aids, mee un de Folgen dovun.

Jean-Claude Schlim: Ech hat deemools Chance, dass ech an eng Period gefall sinn, mee mäi Kolleeg vu 27 ass gestuerwen. Ech hunn iwwerlieft, wëll deemools méi Medikamenter koumen. Déi Medikamenter, déi mir elo alleguerten hunn. Déi deemools ganz schwéier Niewewierkungen hunn, déi haut elo 30 Joer drop, ganz einfach géif ech net soen, et ass trotzdeem een Traitement, déi ee säi Liewe laang muss huelen. Mee wat ganz wichteg ass, den Traitement no e puer Méint, mécht de Virus praktesch indétektabel dat heescht du kanns och kee méi ustiechen. Du bass selwer geschützt. Däin Immunsystem gëtt geboost. mee de Virus gëtt esou ënnerdréckt, méi détektabel ass, Dass du och net méi ustiechbar bass.

Haut kann een d'Krankheet zwar nach net heelen, et gëtt och nach keng Impfung, mee et gi Medikamenter. Viru 40 Joer wéi de Virus fir d'éischt an der Gesellschaft opgedaucht ass, gouf et keen Traitement. Dofir gëtt et nach haut ee Stigma ronderëm d'Krankheet, vill Leit hunn hire Gesondheetszoustand léiwer verstoppt. Jean-Claude Schlim: Et gouf och Zäiten, do hues du misse léien. Wëlls de soss zum Beispill net konnts an Amerika areesen, wann s du HIV Positiv waars. Dat ass mol nach guer net esou laang hir. Dofir och vläicht déi respektéieren, déi et net wëlle soen. Mee ech denken de Stigma ass eppes wat mir an deenen nächste Jore wäerte packen, dass et kee méi gëtt.

Ee Virus, deen eis vill Jore begleet an och hei am Land ginn et ëmmer nees Neiinfektiounen. Ma méi uerg ass d'Situatioun awer a verschiddenen afrikanesche Länner. Do setzt ënner anerem och d'Associatioun Stop Aids Now mat Projeten an. Méi doriwwer gi mir um véierel fir 9 gewuer.