Haut ass de Weltaidsdag, dësen Dag gouf déi éischte Kéier 1988 vun der Weltgesondheetsorganisatioun agefouert. All Joers mat engem anere Fokus oder Motto, sou ass et déi lescht zwee Joer zum Beispill dorëms gaangen géint Virurdeeler virzegoen. Ma dëst Joer ass de Motto "Mach Ongläichheeten een Enn, Mach Aids een Enn". D'Krankheet ass ëmmer nach vill méi am Ëmlaf an arme Länner. Virun allem afrikanesch Länner sinn uerg betraff. D'Lea Schwartz huet mat der Associatioun Stop Aids Now geschwat, déi do Projeten huet.

01/12/2021 Weltaidsdag - De Bléck an Afrika

D'Verbreedung vum HIV Virus ass vu Land zu Land ënnerschiddlech, ma an e puer afrikanesche Länner sinn d'Infektiounszuele vum HIV Virus besonnesch héich. Genee do setzen d'Projete vun der ONG Stop Aids Now Access un. De President Henri Goedertz, si si virun allem a Westafrika aktiv.Henri Goedertz: Zum Beispill am Südsenegal an der Casamance, wou mir Projeten hunn, do ass ongeféier eng Persoun op 100, déi HIV Positiv ass. Dat heescht 1 Prozent, am Nopeschland wou mir och present sinn, sinn et der dräi vun 100. Dat sinn der schonn dräi mol méi, a wann een dat elo géif mat Lëtzebuerg vergläichen. Do sinn et ongeféier 2 Persounen op 1000.

Dacks ass et esou, dass et zum Deel un Infrastrukture feelt fir d'Krankheet ze behandelen, ma och fir en iwwerhaapt emol ze detektéieren. Dat läit awer och um Stigma ronderëm d'Krankheet.

Henri Goedertz: An dat sinn awer meeschtens Gruppen, déi deelweis wéi hei an Europa och, ganz staark stigmatiséiert sinn, déi amfong éischter Angscht hunn, sech testen ze loossen an d'Spidol ze goen, wëll si eben oft diskriminéiert ginn an diskriminéiert sinn. An si fäerten dann eigentlech, wann dann nach géif erauskommen, dass si HIV positiv wären, dass si vill méi ausgestouss ginn an da souwisou kee Recht hätten op eng medezinesch Behandlung.

Erausfuerderungen, déi et och hei am Land ginn. Wärend an Europa awer iwwert déi lescht Joren vill sensibiliséiert ginn ass a virun allem vill Campagnen ëm méiglech Preventiounsmoossname lancéiert goufen, ass dat manner de Fall an deene Länner, déi haut nach héich Infektiounszuele hunn.

Henri Goedertz: An de Guinée-Bissau ass wierklech een extreemt aarmt Land, wou keng Moyenen do sinn, weder fir medezinesch Infrastrukturen, vu Preventioun kann ee quasi net schwätzen. Dat heescht et sinn oft keng Tester do, et sinn net genuch Kondomer do, oft Medikamenter ginn d'Leit behandelt an dann huet een eng Rupture du Stock, dass keng Medikamenter do sinn, da gëtt mol wärend 6 Méint kee behandelt. Esou, dass et ganz schwéier ass fir déi Epidemie do ënner Kontroll ze kréien.

Wat och nach dobäi kënnt, sinn aner Infektiouns- oder Geschlechtskrankheeten, déi dacks net richteg behandelt ginn.

Henri Goedertz: Dat heescht een, dass een eben am Geschlechtsdeel ka Wonnen, Blessuren hunn, déi amfong eng HIV Infektioun favoriséieren.Sou, dass wann een all déi Facteuren zesumme kuckt, mécht dat déi Differenz och ganz séier aus.

Ee Projet bei deem d'ONG sech asetzt ass am Guniée Bissau an am Südsenegal. Dëse Projet ass zesumme mam Centre Hospitalier, mam Laboratoire national de Santé, mam Luxembourg Institute of Health a mam Kooperatiounsministère. An hei geet et drëms géint den HIV Virus virzegoen, awer géint den Hepatit B an de Gebärmutterhalskriibs. Dat ass eng vun deenen heefegste Kriibs Doudesursaache vu Fraen an Westafrika. An eng Fra, déi HIV Positiv ass, huet ee véier bis fënnef mol méi héijrn Risk dat ze kréien.

Henri Goedertz: An een Ziel vum Projet ass et éischtens Depistage dovunner ze maachen. Wou mir dann och mam Service Gynécologique vum Centre Hospitalier zesumme schaffen, wou et haaptsächlech drëms geet. Formatiounen haaptsächlech vun Sage-Femmen oder vu Gynekologen ze maachen um Niveau vum Depistage. A wou de Projet eben och Material zur Verfügung gestallt huet fir pré Canceréis Zelle festgestallt gi fir déi kënnen ze behandelen. Sief et duerch d'Cryotherapie oder duerch d'Thermotherapie a mir hunn eben och ee Mëttel zur Verfügung gestallt.

Bis elo leeft de Projet knapp dräi Joer an deene konnte 6000 Frae getest ginn, an 300 dovunner ware positiv a konnten och behandelt ginn. Mam richtegen Traitement kann den HIV Virus am Kierper gestoppt ginn, esou, dass en sech net weider ausbreet