An déi richteg Chrëschtstëmmung ze kommen, ass dëst Joer net esou einfach, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut

28/11/2021 Apropos: Advent

Normalerweis huelen ech mir um éischten Advents-Weekend Zäit fir d'Chrëschtdekoratioun vum Späicher ze huelen. Samschdes gëtt den Adventskranz kaaft, Sonndes déi éischt Käerz ugefaangen an de Kalenner mat sénge 24 Dierercher opgehaangen. An ech iwwerléeë mir natierlech, wat ech menge Léiwen dëst Joer schenke wëll. Déck Kaddoe gëtt et bei eis meeschtens net, eng kleng Iwwerraschung kënnt awer ëmmer gutt un. Mä dëst Joer kënnt op d'mannst bei mir d'Virfreed net esou richteg op. Wa mir de leschte Wanter d'Hoffnung haten, dass mir deen éischten a leschte Corona-Chrëschtdag erliewe géifen, da wësse mir elo, dass et nach net eriwwer ass. An dass mir eis dofir bei der eegener Nues huele mussen. Well mir haten an hunn et an der Hand. An et ass genee dat wat esou schwéier ze verquëssen ass. Mir kéinte scho laang aus der Kris eraus sinn, wa mir alleguer einfach dat géife maachen, wat muss gemaach ginn. Mir wëssen, dass Masken an Ofstand hëllefen, an dass d'Impfung Liewe rett. Firwat mir et partout net hikréien fir eng eenzeg Kéier un engem Strang ze zéien, ass carrément net ze verstoen. Aplaz eis ënnerteneen ze zerstreiden, sollte mir léiwer dem Virus eng op den Deckel ginn. Eierlech gesot, wollt ech fir dësen Apropos op guer kee Fall op d'Thema Corona ze schwätze kommen. Et hänkt mir, op gutt Lëtzebuergesch gesot, zum Hals eraus. Mä esou butzeg wéi dee Virus  ass, et kënnt een wéi et schéngt net laanscht en. Zënter zwee Joer dominéiert en d'Aktualitéit iwwerall op der Welt. Et kéint ee mengen e géif säin Numm "Corona" wiertlech huelen an hätt sech scho laang selwer d'Kinnekskroun opgesat. Awer just well mir eis dat gefale loossen. Also, wat ech mir wierklech fir Chrëschtdag wënschen...wier dass mir dem Virus déi kal Schëller weisen..andeems mir eis ganz einfach an déi Schëller picke loossen. Fir d'éischt, fir d'zweet, fir d'drëtt, wéi et ebe grad ass. An dann deen nächste Chrëschtdag ouni de Virus feiere kéinten.