Am Kader vun engem Projet vun der Fondation Autisme an der ASBL Voice, Art and Social ass e Freideg e neit Lidd mam Numm Fantautistique presentéiert ginn. Am Lidd sange 5 Autisten zesummen a wëllen doduerch mat Virurteeler opraumen. Wat genee hannert dem Projet stécht, weess de Loïc Juchem.

30112021 Lidd Fantautistique soll opklaeren WEB

Mat dësem Projet wollt een den Autisten eng Stëmm ginn an och mol ëffentlech driwwer schwätzen. Autiste sinn héich begaabt, se kënne keng Gefiller verstoen an net domadder ëmgoen, si halen sech u keng Reegelen, se reegen sech séier op - dat sinn nëmme puer vu ville Clichéen géintiwwer Autisten. Groussen Ënnerscheed tëscht Autisten an Asperger-Autisten ass, datt d'Asperger eigentlech keng Entwécklungsstéierung hunn, also et gëtt beispillsweis och kee Retard am Beräich vun der Sprooch. Am Beräich vun der psychomotorescher an der sozialer Entwécklung ginn et awer Opfällegkeeten.

Am Lidd gëtt kritiséiert datt och d'Medie sie dacks géingen an een Dëppe geheien, ma et soll een higoen an all Betraffenen individuell kucken. Net all Autist huet mat deene selwechte Problemer ze kämpfen. De Projet Fantautistique war fir d'Sänger eng Erausfuerderung. Ouni ze pauschaliséieren, si réagéiere jo dacks sensibel an e Projet an där Envergure huet bei hinnen natierlech fir Stress gesuergt an dat kann dann och mol problematesch ginn, mee et huet een alles gemaach datt si sech wuel spieren.

Déi 5 Sänger an dësem Lidd sinn tëscht 8 a 35 Joer al, a mat engem emotionale Museksvideo gëtt d'Wichtegkeet vun dëser Thematik nach emol ënnerstrach. De George Philippart, de Lëtzebuerger dee bei "The Voice of Germany" matgemaach huet, hat iwwregens d'Iddi vun dësem Projet, hien ass selwer Autist an dëse Projet läit him immens um Häerz.