Sechs Punkten, dräi an der Héicht, an zwee an der Breet, bilden d'Muster fir d'Punktekombinatiounen, mat deenen Zeechen, Buschtawen, Zifferen a Leerzeechen duergestallt ginn. Riets geet vun der Brailleschrëft, mat där Leit déi blann sinn, Liesen a Schreiwe kënnen. Haut ass d'Michèle Schons bei engem léiwe Mënsch op Besuch, dee quasi mat der Brailleschrëft opgewuess ass:

04/01/2022 Dag vun der Brailleschrëft - Dem Sascha seng Geschicht

Haut ass de Weltdag vun der Brailleschrëft, de Gebuertsdag vum Louis Braille, deen dës Schrëft 1825 erfonnt hat. An dem Kader si mer haut beim Sascha Lang, deen zanter dem Alter vun 3 Joer seng Vue verluer huet, bedéngt duerch eng falsch Behandlung vun engem verstoppten Tréinendrüsekanal, an der Erkrankung vum groe Star.

De Sascha ass lues a lues blann ginn, huet am Ufank nach Faarwe gesinn, dono guer näischt méi. E kann sech awer ganz gutt un d'Faarwen erënneren.

RTL

© Sascha Lang

De Sascha hat Chance Elteren ze hunn, déi net de Kapp an de Sand gestach hunn, an den Challenge akzeptéiert. Hien ass op d'Blanneschoul gaangen, an seng Mamm huet all Joer seng Bicher mat enger aler rabbeleger Maschinn a Brailleschrëft ëmgeschriwwen.

De Sascha huet sech fir d'Liewen decidéiert an alles bis haut inclusiv gemaach, an e wollt ni extra behandelt ginn.

Haut ass en Dankbar fir all Ënnerstëtzung déi en am Liewen hat, an och all seng Erfarungen, déi en zu dem Mënsch gemaach hunn, deen hien haut ass: E liewensfrouen, kreativen, intelligenten an immens fläissege Mënsch, deen trotz senger Behënnerung keng Méi scheit fir seng Ziler z'erreechen.

RTL

© pixabay