Surfen, chatten, Informatioune sichen - am Zäitalter vum Internet ass dat alles mat e puer Mausklicke méiglech. Fir blann Leit, ass dat méi komplizéiert. Trotzdeem ginn et haut fir si awer vill Méiglechkeeten sech um Computer an am Netz zuwee ze fannen. Eis Live Reporterin Michèle Schons ass haut um Brailledag mol kucke wéi dat genee funktionéiert:

04/01/2022 Dag vun der Brailleschrëft - Wéi funktionnéiert e Braille-Computer?

Mir si beim Sascha Lang zu Lëntgen op Besuch, deen zanter dem Alter vun 3 Joer blann ass, eis seng Geschicht erzielt, an eis e klengen Abléck an seng Welt schenkt.

De Braillecomputer ass u sech en normale Computer mat Schierm an Tastatur, deen awer zwou Funktiounen zousätzlech nach huet.

Zum engen ass dat eng Sproochfunktioun, déi dem Sascha alles liest, wat um Ecran steet, virausgesat dass et Barrièrefräi ass. (Beispill d'Fotoe musse mat beschrëft sinn, kee Flash Player etc.)

Donieft huet en nach en Brailledisplay ënnen un der Tastatur mat derbäi, wou een da schreiwen, respektiv och duerch d'Impulser déi de Computer den Taste gëtt och liese kann.

De Louis Braille hat 6 Punkten fir d'Sprooch entwéckelt, haut sinn awer 2 Punkte mat derbäi, den Eurobraille, mat speziellen Zeeche wéi d'Eurozeechen.

RTL

© Sascha Lang