"D'Thema Behënnerung muss och an de Medien en Normalzoustand ginn." Eng Ausso vum Sascha Lang, deen 1975 hei zu Lëtzebuerg gebuer ass, an sech genee dofir engagéiert. An sengem 3te Liewensjoer ass e blann ginn - Falsch Operatioun a groe Star waren d'Ursaachen. Dat huet en awer net dovunner ofgehalen, seng Dreem an seng Ziler z'erreechen. Eis RTL Reporterin Michèle Schons ass haut bei him op Besuch:

04/01/2021 Dag vun der Brailleschrëft - D'Thema Behënnerung an Inclusioun

D'Theme Musek a Radio haten de Sascha schonn ëmmer am Grëff, dowéinst ass en och zanter 1995 als Kënschtler-Vermëttler, Manager, Beroder an Organisateur vu Musek-Events ënnerwee.

Well en sech an deem Beräich awer eng Basis huet misse schafen, an och Sue verdénge mussen, schafft en zanter 12 Joer bei der Post, an awer blouf em genuch Zäit fir säin Hobby a seng Passioun auszebauen a fräiwëlleg Radiosemissiounen zu Lëtzebuerg an an Däitschland ze maachen.

RTL

© Sascha Lang

Dem Sascha läit nachwievor d'Sensibiliséierung um Häerz an e wëllt net nëmmen déi Leit ouni Behënnerung opmierksam maachen, ma och dass déi Betraffe selwer léieren, wat fir Besoinen se ënnerteneen hunn.

De Sascha wëllt net bedauert ginn a setzt sech an, dass d'Leit gehéiert an eescht geholl ginn.

RTL

© Sascha Lang