Den RTL Reporter ass zu Déifferdeng ënnerwee. D'Wonner vun onsem Planéit kann een am Science Center unhand vu 75 Statiounen entdecken a verstoen. Och Showen a Workshops ginn ugebueden a weisen engem, datt d'Wëssenschaft vill méi ass wei just Theorie. Dobäi kënnt elo e fuschneie Planetarium, deen am Dezember seng Dieren opgemaach huet. Et ass den éischte Planetarium am Land an de Loïc hëlt eis elo mol mat dohin.

19/01/2022 Am Science Center: E Planetarium zu Déifferdeng
RTL
RTL
RTL