Dat geet vun den net grad agreabele Geräischer wa geschafft gëtt bis bei d'Feieren. Sief et, dass ee genervt ass well et esou haart niewendru beim Noper ass, oder dass ee selwer Kaméidi mécht. Wéi vill Radau ass toleréiert? Dat hänkt dann natierlech och of wéi ee Kaméidi a wéini een ze haart ass, esou de Maître Jean-Jacques Schonckert.

19/01/2022 Fro un den Affekot: Wéi vill Kaméidi dierf ee maachen?

Schonckert: Dat eent ass den tapage nocturne. Dat gëtt iwwert de Code pénale gereegelt, wann een no 10 Auer Owes bis Moies 6 op d'Tromm schléit, da kann ee mol bis zu 250€ bestrooft ginn. Dann hu mir awer och de normalen oder anormale Kaméidi. Do hu mir de grousse Prinzip vum Code civile, do geet et ëm d'Proprietéit. Ech däerf mat menger Saache maache wat ech wëll, soulaang ech domadder awer net en anere stéieren oder eppes Verbuedenes maachen.

Natierlech ass dat vu Fall zu Fall ofhängeg an all Gemeng huet och hir eege Reglementer. Sollt de Noper dann awer elo wierklech mol stéieren, gëllt Folgendes ze maachen.
Schonckert: Dat éischt wat ee mécht: Et geet ee fein bei den Noper an et seet een "hei lauschter mol, dat do stéiert mech". Et ka jo sinn, dass en d'selwer net esou richteg matkritt oder dass et och noutwenneg ass. Da schwätzt ee mateneen an ee seet "Oh Mamm, jo, vreck!" Dat ass ziviliséiert mat den anere schwätzen. Dat ass haut méi wichteg wéi jee. Wann dat dann net fruucht, schreiwen ech him mol e Bréifchen. Wann dat näischt déngt, dann ass de leschte Gang bei d'Police, wou een dann awer och muss soen, dass a ville Gemengen, e service de mediation de voisinage gëtt, déi sou eppes och kënnen onbürokratesch reegelen, wat och gutt esou ass.

Sollt awer och wierklech guer näischt méi hëllefe, kann d'Strof souguer nach bis iwwert dës 250€ eraus goen.
Schonckert: De Prinzip ass, dass z.B. wann ech all Sonndeg Kaméidi maachen, da gëtt net gekuckt, dass et iwwert deen Zäitraum geschitt ass, mee et gëtt am Fong all eenzel Infraktioun gekuckt. Dat kann dann elo sinn, wann ech dat 5 Sonndeger hannerteneen maachen, da summéiert sech dat.

Kaméidi ass alt leider heiansdo net ze evitéieren. Probéiert da beschtefalls awer ziviliséiert mateneen ëmzegoen, da kann der ganzer Situatioun dach de Wand aus de Seegele geholl ginn.