Wéinst dem Klimawandel waert et Joerhonnert-Iwwerschwemmungen, ewéi déi am Juli, an Zukunft éischter all 30 Joer ginn. Domadder rechent ob jider Fall den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. Den Jean-Paul Lickes sot de Moien hei op RTL et wier kee schéint Zukunftsbild. Jo, well d’extrem Wiederphenomäner allen Szenarien no méi extrem a méi heefeg ginn a gläichzäiteg d’Populatioun wiist, misst ee sech adaptéierë, Fränz Aulner

19/01/2022 BAND Invité Lickes 12h20 (Online)