Zanter Ufank Abrëll gi virun allem a Groussbritannien Fäll gemellt vun Hepatite bei de Kanner. Och bei eisen däitschen Noperen gouf dës Woch deen éischte Fall gemellt.

29/04/2022 Wat ass eng Hepatite infantile?

Wat mécht dës nei Hepatite-Krankheet sou speziell a wéi geféierlech ass se?

D'Anne Vergison, Chef de division vun der Inspection Sanitaire erkläert:

"Et ass aussergewéinlech, well d'Heefegkeet méi grouss ass bei de Kanner, och wat elo déi schlëmm Erkrankungen ugeet. Et goufen och schonn Doudesfäll, also musse mer de Phänomen serieux huelen. Fir de Rescht vun den europäesche Länner leeft en Iwwerwaachungs-System. Et ass awer elo net esou, dass et anormal vill Fäll vun där Hepatite ginn."

Anormal vill...wat heescht dat konkret? Wéi gewéinlech ass dat?

"Fir gewéinlech hu mer Hepatitten déi mer gutt kënnen, dat sinn déi viral Hepatitten vum Typ A a B. Dat sinn déi déi am heefegsten optrieden. Et ginn natierlech och nach anerer. Hei kenne mer d'Ursaach net. Mir erkennen zwar e sougenannten Adenovirus dee Gastroentiriten bei de Kanner verursaacht, mä mir sinn awer net sécher, dass dat deen eenzegen Ausléiser ass. Et lafen nach vill Enquêten fir ze verstoen wat aktuell geschitt. Fir eis ass et immens wichteg déi Fäll ze identifizéieren an dofir hu mer och alleguerten d'Dokteren opgefuerdert eis hir Fäll matzedeelen vun all de Kanner déi eng Hepatite entwéckelen. Da kënne mer nämlech de Fall ënnersichen a kucken wat d'Kand giess huet oder wéi enge gëftege Stoffer et eventuell ausgesat war. A mir kucken och op se schonn eng Corona-Virus-Infektioun haten. Well och dat kéint e Facteur sinn deen d'Entwécklung vun dësem Typ favoriséiert. Mir sichen an alle Beräicher fir erauszefannen wéi esou eng Hepatite entsteet."

Bis elo gëtt et dann och nach kee Fall vun Hepatite Infantile hei am Land. Nachemol d'Anne Vergison vun der Inspection Sanitaire:

"Bis elo net. Mir erwaarden eis och net direkt e Fall, et kann ee sech awer natierlech ni sécher sinn. Mir kucken weider wat geschitt a bleiwen och mat anere Länner a Kontakt fir Donnéeën auszetauschen."