Wosst der dass et an eise Géigenden iwwer 1500 Planze ginn déi wëll wuessen, an déi een iesse kann? Dacks sinn hei vill méi Vitaminnen dran, wéi an deenen aus dem Supermarché. Mir kucken haut mol d'"On-Kraut" aus enger anerer Perspektive, an dofir ass d'Michèle Schons fir eis bei engem Kraiderexpert:

11/05/2022 Krautkind - Haut léiere mer d'Wëllplanze kennen

De Marius Sinn, besser bekannt ënnert dem Numm Krautkind interesséiert sech zanter 13 Joer fir Kraider a wëll Planzen. Hie geet net nëmme mat de Leit an de Bësch Kraider sammele fir se dono ze verschaffen an dermat ze kachen, ma e léiert och wéi een déi divers Planzen bestëmmen an och ënnerscheede kann. 

RTL

© miSchons

Dem Marius säi Gaart ass voll mat wëlle Planzen a Kraider, an hie wëll och sensibiliséieren dass an eise Géigende ganz vill wëll Planze wuessen, déi mer zanter Dekaden als Onkraut bekämpfen, déi awer immens wäertvoll a gesond sinn. De Marius recommandéiert, dass ee, wann een e Gaart huet, och op mannst en Eck fräiléisst, wou een alles stoen a wuesse léisst.     

RTL

© miSchons

De Marius selwer koum op enger Wanderung déi 10 Deeg gedauert huet, iwwerhaapt mol op de Goût vun de wëlle Planzen a Kraider. Mëttlerweil ass en och an diverse Gaardeprojeten mat aktiv a konnt bis ewell méi wéi 400 Zorte vu Kraider a Planze bestëmmen.   

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons