Wann een déi richteg Kraider gesammelt huet, da steet engem formidabele Plat näischt méi an de Féiss. Schonn de Moien ass zu Holtz ganz fläisseg gesammelt ginn, an d'Michèle Schons ass haut Kraiderhex beim Marius Sinn, dem Krautkind?    

11/05/2022 Krautkind: Mir kache matt wëlle Kraider

Eng Zalot an eng Omlett mat wëlle Kraider a Planzen, donieft nach e gudde Brennnessel-Bärlauch Pesto, dat steet um Menü de Moie beim Marius Sinn, dem Krautkind. Abrëll a Mee ass déi Zäit wou ganz vill lass ass, a wou och d'Diversitéit immens grouss ass, esou sinn den Ament ganz vill Pissblummen ze gesinn, Taubnessel, Brennnessel, Wisekerbel, Bärlauch, Waldsternmiere, alles blitt den Ament.

RTL

© miSchons

Net nëmmen d'Blieder vun der Planz, ma och d'Bléie sinn immens wäertvoll an ass am Fong näischt anescht wéi d'Virstuf vum Som. Dofir ass an de Bléien eng ganz héich Konzentratioun vu Mineralien, Enzymer a Vitaminnen.   

RTL

© miSchons

Et ginn tatsächlech och Verwiesslungsgeforen, déi awer bei ville Planze relativ geréng ass. Gewëss Planze kenne mer jo souwisou gutt a kënnen se kaum bis guer net verwiesselen. Bei Brennnessele geet et duer wann een d'Hand driwwer sträicht, da mierkt ee séier watfereng Planz ee virun sech huet. 

RTL

© miSchons

Besonnesch elo Ufank Mee sinn d'Lanneblieder an d'Bicheblieder ganz lecker, spéider ginn se dann e bësse méi zéi a batter am Goût. Wann een eng Planz net kennt, da léisst een sech einfach Zäit an entretemps ginn et immens vill Bicher, jo esouguer Appen, mat deenen een et méi liicht gemaach kritt fir d'Planzen ze bestëmmen. 

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons