Laut Experten kann en Ausstierwe vun eisen Insekten ganz dramatesch ekonomesch an ekologesch Suitte fir de Mënsch hunn. Fir dem entgéintzewierken ass et sënnvoll méi Pollen- an Nektar-räich Planzen an eise Gäert unzeplanzen, op de Balconen, op de Bauerenhäff an an der Landschaft ronderëm eis Haiser an an eise Stied a Gemengen. Dofir setze mer eis haut an an d'Michèle Schons ass fir eis um Tour:

20/05/2022 B&B Action Weeks - Méi Blummen, Sträich a Beem

Méi Blummen, Sträich a Beem, déi fir d‘ganzt Joer iwwer Nektar a Pollen als Fudder fir Beien an aner Bestëbser unzebidden ass eent vun den Ziler vun den B&B Action Weeks. Zum Beispill Weeden, Primmelen a Krokussen am Fréijoer; Lavendel, Wise-Stuerkeschniewel a Margréidercher am Summer; Wantergréng a Borretsch am Hierscht, oder Moukeprabbeli (Petasites) a Chrëschtrous (Helleborus) am Wanter.

RTL

© pixabay

RTL

© pixabay

Et ginn e puer einfache Reegele, wéi eng Blummen, Sträich a Beem ee fir d’Bestëbserinsekte soll planzen. Et ass wichteg datt Dir eng breet Palett vu Planzen wuesse loosst, an se esou auswielt datt d‘Blummen Pollen a Nektar zu all Zäit vum Joer ubidden. Dëst hëlleft esou ville Bestëbser wéi méiglech. Wëll Planzen wéi Natternkopf, Schwaarzwuerzel a Vogelmiere sinn ganz beléift bei Insekten.

RTL

© pixabay

RTL

© pixabay

Envisagéiert fir Blummen mat ongefëllte Bléien ze setzen, amplaz vu gefëllten, well se méi Pollen an Nektar ubidden. Frot am Gaardenzenter no pestizidfräi kultivéierte Planzen, well d'Gëfter, déi an der Produktioun benotzt ginn, spéider am Pollen fonnt ginn. Wann Dir Wëllblumme-Som ausséint oder eng Wëllblummewiss uleet fir d’Bestëbserinsekten z'ënnerstëtzen, dann huelt d'Somen vu Blummen déi vun hei heem sinn.

RTL

© miSchons

Den 28te Mee organiséiert d'Sicona och eng Porte Ouverte fir heemesche Wëllplanzesom zu Koplescht um Blummefeld.