En Insektenhotel schaaft Wunnraum fir Insekten a Gefor. Wëll Beie kënnen zum Beispill an ënnerschiddlechen Huelraim iwwerwanteren an déi Plaze fir hiren Nowuess notzen. D'Hotelgäscht si ganz harmlos an nieft wëlle Beie, kënnen och Kiewerleken, Mécken, Seechomessen an aner Insekten am Hotel wunnen. Mir këmmeren eis och haut ëm d'Bestëbser an d'Michèle Schons ass fir eis um Tour fir eis eng flott Aktioun virzestellen: 

20/05/2022 B&B Action Weeks - Liewensraum fir d'Insekten

Et muss net just sécher gestallt ginn, datt dat ganzt Joer iwwer genuch Fudder fir d’Bestëbserinsekten do ass, mee och datt si a Sécherheet kënne nisten - a fir datt déi nächst Generatioun de Wanter iwwerlieft, fir d’Fréijoer drop kënne nei ze starten.

RTL

© sias.lu

RTL

© sias.lu

Déi eng Bommelen nisten ënnerierdesch an de Mauslächer, ënnert engem Schapp an am Kompost- oder Bliederkoup. Anerer bauen hiert Nascht iwwerierdesch am dichte Gras oder an de Beem. Et soll een evitéiere fir Insekten déi nisten oder iwwerwanteren ze stéieren oder futti ze maachen, z. B. am Gras, op oppene Sandflächen, an Hecken, Beem, doudegem Holz oder Maueren.

RTL

© ëmwelt.lu

RTL

© sias.lu

Déi vill verschidden Aarten vu Solitärbeien hu speziell Besoinen fir ze nisten. Déi eng Aarten bauen hiert Nascht am Wuess, anerer hu gären eng plakeg Plaz mat verdichtem Buedem, besonnesch an engem Hang no Süden, wou si vertikal Nisttunnelle gruewe kënnen. Verschidde Solitärbeie nisten iwwerierdesch, an dir kënnt hinnen huel Stiller a Bengelen oder Holzklätz mat ënnerschiddlech grousse Lächer (2 mm bis 10 mm) ubidden, an esou eng Wëllbeie-„Nisthilfe“ bauen. Hänkt et op enger waarmer, sonneger a protegéierter Plaz op, 1-2 m iwwer dem Buedem.

RTL

© miSchons.lu