Eis RTL Reporterin Nicky Soisson war zu Conter op der Straussefarm an huet dem Martine an dem Rob Axmann-Reuter bei hirer Aarbecht mat de Straussen iwwert d'Schëller gekuckt.

13/05/2022 Op der Straussefarm: Den Alldag mat de Straussen

Strausse si wëll Déieren, dat dierf een net vergiessen. Vun dohier si se, wa se bis erwuesse sinn, och zimmlech resistent a brauchen och net wierklech vill Fleeg. Erwuesse Strausse kënnen dann och dat ganzt Joer iwwer dobaussen op der Wiss bleiwen. Natierlech Feinden hu se keng, deemno gi si ganz gutt dobaussen an der Natur eens. A wa si sech dann awer mol musse verdeedegen, da maache si dat mat hirer riseger Krall déi hinnen et erméiglecht souguer en Tiger roueg ze stellen. Vläicht grad dowéinst si si esou virwëtzeg! An dat gëllt iwwregens net nëmme fir d'Madammen ënnert hinnen.

RTL

© Nicky Soisson

Anescht gesäit dat bei deene Klengen aus, déi sinn nach op eng intensiv Betreiung ugewise fir gesond a monter grouss ze ginn. Si brauchen Hetzt vun ënnen an e Stall fir d'Nuecht ze verbréngen. Ma och reegelméisseg frësch Kären a frëscht Waasser sinn e Must.

RTL

© Nicky Soisson

Interessant um Strauss ass säi Fleesch wat immens gesond ass an eng eenzegaarteg Fleeschqualitéit huet. Ofgesinn dovunner ass de Strauss dat Déier mat deem beschte biologesche Foussofdrock.