2 Joer war elo, wéi fir villes, och Paus fir déi well traditionell Porte Ouverte op der Straussefarm. Ma dëse Weekend ass et dann endlech nees souwäit a Grouss a Kleng kënnen nees ganz no un déi riseg Déieren erun! Nicky Soisson.

13052022 Porte ouverte op der Straussefarm 09h45

Dëse Samschdeg a Sonndeg, de 14. a 15. Mee, sinn effektiv d'Straussen nees lass zu Conter um Bauerenhaff "Am Nommesch". Hei steet da wärend 2 Deeg alles am Zeeche vun den 2 Meter groussen Tiffien. Nieft Stänn op deenen een alles fënnt wat mam Strauss ze dinn huet wéi zum Beispill Fleesch, Fiederen oder eidel Eeër, ginn et awer och Ateliere fir d'Kanner an e spezielle Straussemenü deen op der Plaz gekacht gëtt. Nieft guidéierte Visitten déi 2 Deeg iwwer, gëtt et awer och Ponyreide fir déi Kleng sou wéi och en Zichelchen deen um Haff fiert. A fir déi richteg Ambiance fir dës 5. Editioun vum Straussefest suerge muer an iwwermuer Concerten um 15 Auer.

RTL

© Nicky Soisson