Ass et zu Lëtzebuerg erlaabt fir vun Dier zu Dier ze zéien a seng Déngschter unzebidden? Sief et, dass en Aarbechter freet fir den Dag vum Haus ze flécken, dass iwwerzeegte Leit schelle komme fir engem seng Relioun méi no ze bréngen oder dass een engem en Ziedelchen an den Auto hänkt fir en ofzekafen? Wat seet den Affekot zu esou Fäll? Wat kann ech maache wann ech genervt sinn vun enger Persoun oder enger Entreprise déi mer hiren Zerwiss op déi Manéier wëll opdrängen?

20/05/2022 Fro den Affekot: Hauséieren

Elo ass et nach net verbueden Ziedelen un en Auto ze hänken, wéi z.B. wann een engem säin Auto kafe wëll. Dat ännert sech an Zukunft awer duerch e Gesetz, och wann dat mat der Publicitéit u sech näischt ze dinn huet.

Jean-Jacques Schonckert: Dat ass net am Kontext vun der protection de la vie privée, mee et geet ëm dem Offall. Mir als Lëtzebuerger sinn ee vun de schlechte Schüler vun Europa, well mir produzéieren esou vill Offall. Dat kënnt och duerch déi Publicitéiten, déi mir an eise Boîte leien hunn an dat ass elo geschwënn eriwwer. Dat ass verbueden, do kann deen, deen et mécht, effektiv bestrooft ginn.

D'Ziedelen déi an d'Bréifboîte ginn sinn och erlaabt. Déi ginn an Zukunft dann awer net verbueden, mee do gëtt dat awer anescht gehandhaabt.

Jean-Jacques Schonckert: Momentan ass et esou, op der Bréifboîte ginn et Schëlder "Keng Werbung w.e.g.". Do muss ee sech drun hale, mee am neie Gesetz gëtt dat ëmgedréint. Wann näischt op der Boîte steet, duerf een och näischt erageheien. Wann ech een erwëschen deen eppes erageheit, do kann een eng Plainte maachen. Do kann dee mol op d'Fanger geklappt kréien.

Och wann et deen een oder aneren iwwerrascht, Servicer vun Dier zu Dier unzebidden, also hauséieren, ass zanter 2014 och erlaabt. Et kann een ouni Problemer hauséiere goen, mee et muss een erëm op esou eng Ziedel oppassen.

Jean-Jacques Schonckert: Do huet een och erëm en Ziedel, deen ee kann op d'Dier pechen, dee seet "Non Colportage", also "Net Hauséieren". Deen dee schelle kënnt ass am Feeler an dee riskéiert et richteg déck. Dat ass elo eng Saach, mee soe mer déi Persoun kënnt awer schellen, mee kritt eis trotzdeem iwwerriet. En duerf eis trotzdeem net zu egal wat iwwerrieden. Do ginn et vum Gesetz aus, duerch d'protection du consommateur, relativ vill Méiglechkeete fir vun deem Kontakt zeréckzetrieden. Déi Leit si ganz iwwerzeegend.