D’Atomic Rocket Seeders sinn en Trio deen et zwar schonn zanter 2018 gëtt, ma sou richteg lassgeluecht hu si awer réischt virun 2 Joer. Do koum nämlech hiren éischten Album eraus. D‘Valeria Wiwinius huet mam Tap, dem Sänger, Gittarist an Grënnungsmembere vun der Band, iwwer hire Parcours geschwat a gekuckt wat fir de Rescht vum Joer bei hinnen nach um Programm steet.

23/05/2022 Am Takt: Atomic Rocket Seeders

E bësse Blues, eng Grëtz Jazz, e puer Hard Rock Influenzen a ganz vill Metal. Wann een den „Atomic Rocket Seeders“ hire Museksgenre wëll beschreiwen, ass dat warscheinlech esou exakt wéi et geet. Hir Musek ass genausou eklektesch wéi déi dräi Bandmemberen: do wier engersäits den Thierry Porcedda, och Tap genannt, deen d’Band mat gegrënnt huet, dann de Gittarist Thierry Hames, dee sech am Metalcore a progressive Metal ganz Doheem fillt, an de Luca Daresta deen zanter sengem 13.Liewensjoer als Drummer bei der Metal-Band „Lost In Pain“ Experienze gesammelt huet. Elo ass den Trio zanter gutt 4 Joer als „Atomic Rocket Seeders“ bekannt. D’Iddi fir den Numm war awer schonn um Dësch laang befiert se an dëser Konstellatioun Musek gemaach hunn.

Déi sozial-kritesch Texter weisen dann och schonn, wat hirer Meenung no, de Roll vun der Musek an der haiteger Gesellschaft ass. Spoiler-Alerte: et geet net drëms „l’art pour l’art“ ze maachen oder sozio-politesch Discoursë vun der Musek a Konscht ze trennen.

Am Mäerz 2020 hunn d‘“Atomic Rocket Seeders“ hiren éischten Album erausbruecht. Ënnert den 10 Lidder ass eng Metal-Versioun vun der brittescher Band „Tears for Fears“ hirem 80er Jore Welthit „Mad World". De Rescht si Band-Originaler, wourënner dann och „The Marvelous Journey of Captain Johnny Green“ ass. D’Lidd ass och schonn als Single mat passendem Museksvideo erauskomm. Am Géigesaz zum Rescht vun hirem Repertoire geet dat heiten éischter a Richtung psychedelesche Rock. Den Ament schafft d’Band nach un zwee weidere Videoen – ee Mol fir de virdru genannte Cover vu „Mad World“ an dann nach ee fir dat längst Lidd vum Album, „Black Strawberries“. Et dierf een also weiderhi gespaant bleiwen.