An elo Kappstrong an eran an d'Waasser. De Moien ass den RTL Reporter nämlech an der Schwämm ënnerwee.

23/05/2022 An der Schwämm: Wéi ass et mam Entretien?

Déi nächst gutt Deeg komme bestëmmt a mir wollten wëssen, wéi iwwerhaapt sou eng Schwämm ënnerhal gëtt an hunn dofir de Raoul erausgeschéckt bei de Wolfgang Massmann.

RTL

© Raoul Roos

De Wolfgang Massmann, Chef vun der Exploitatioun an der Réidener Schwämm huet erkläert, dass och am Wanter an der Réidener Schwämm geschafft gëtt. Do muss gekuckt ginn dass näischt fréiert. Dat heescht: Leitungen eidel maachen an d'Waasser am Baseng loossen, fir dass et net bis op de Buedem fréiert well dat dem Baseng géif schueden

RTL

© Raoul Roos

Am Fréijoer gëtt dann d'Waasser erausgelooss a gebotzt. Duerno nees agefëllt.

Bei Wiederen ass de Bausseberäich zou, dann ass d'Gefor vun engem Blëtzschlag ze grouss. Bannen ginn et Blitzableiter. 

Rutschen hunn e klenge Waasservolumen. Déi mussen natierlech och ënnerhal ginn an hunn e grousse Filter.

RTL

© Raoul Roos

RTL

© Raoul Roos