Eisen RTL Reporter ass de Moien zu Réiden an der Schwämm.

23/05/2022 An der Schwämm: Wéi vill Chlor dierf et sinn?

Do krut e virdru schonn erkläert wat alles am Wanter vun Aarbechten usteet. Elo geet et op eng Plaz déi d'Clienten déi schwamme kommen net ze gesi kréien. De Wolfgang Massmann, Chef vun der Exploitatioun hëlt eis mat an de Keller.

RTL

© Raoul Roos

Do sti ganz vill Filteren fir d'Rutschen ënnert anerem. Do gëtt dann de Knascht gefiltert.

RTL

© Raoul Roos

Wéi vill Chlor an de Baseng kënnt, ass genee festgeluecht duerch déi däitsch Norm DIN19643. Do sinn d'Sollwärter minimal a maximal festgeluecht.  De Standard ass ee vun den héchsten weltwäit.

RTL

© Raoul Roos

Den Dosage gëtt ëmmer kontrolléiert a funktionéiert vollautomatesch iwwer "Messsonden". An da kann et och sinn dass d'Santé d'Qualitéit vum Waasser kontrolléiere kommen.