
© Stroossenengelen
D'Asbl Stroossenengele gouf viru ronn 4 Joer gegrënnt. D'Iddi koum dem Luc Lauer nodeems hie sech well zanter ville Jore fir d'Leit op der Strooss agesat huet an dat mat Succès. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, war d'Stroossenengele besichen an huet sech mam Grënner vun der Asbl ënnerhalen.
13 Leit goufen op Privatinitiative vun der Strooss geholl, resozialiséiert a reintegréiert. De Constat war an all deene Joren awer dacks deen, dass d'Hëllef vun offizieller Säit meeschtens ze laang brauch well se mat administrativem Opwand verbonnen ass. Ma déi Leit déi an der Nout si, brauchen direkt Hëllef an dat ouni grousse Pabeierkrich. An esou sinn d'Stroossenengelen entstanen.
Nodeems de Fondateur, deen e grousst Häerz huet, am Ufank vill Sue selwer dra gestach huet, fir de Projet un d'Rullen ze bréngen, ass een haut op Spende vu baussen ugewise fir weider kënnen ze iwwerliewen. 2 grouss Partner vun der Asbl sinn de Lions Club Doyen Lëtzebuerg an d'Banque Alimentaire. Zesummen huet een de "Foodbox Programm" op d'Been gestallt bei deem et drëms geet, d'Leit mat Liewensmëttel anzedecken.