
© Stroossenengelen
D'Aarmut hei zu Lëtzebuerg gëtt leider Gottes nawell gären nach ëmmer erofgespillt respektiv ënnert den Teppech gekiert. An dobäi ginn et, den offiziellen Zuelen no, ëmmer méi Leit déi trotz Aarbecht hei am Land an d'Aarmut rutschen. Wann et da finanziell hannen a vir net méi opgeet, da freet ee sech iwwer all Hëllef! A genee do kommen d'Stroossenengelen an d'Spill!
D'Stroossenengelen hu sech zum Zil gesat, Leit deenen et finanziell schlecht geet, mat Liewensmëttel ënnert d'Äerm ze gräifen. De Luc Lauer, Fondateur a President vun der Associatioun, huet eis mat bei eng Famill geholl déi elo well eng Zäitchen op d'Hëllef vun der Asbl ugewise sinn. Firwat, dat erkläert eis de Mann, deen aus Léift zu senger Fra aus Däitschland op Lëtzebuerg geplënnert ass, am Reportage.