Eis RTL Reporterin war bei de Stroossenengelen. 3 bis 4 mol d'Woch si si mat hire Camionnetten am Asaz fir deene Leit mat Liewensmëttel ënnert d'Äerm ze gräifen deenen et finanziell net sou gutt geet. D'Nicky Soisson war mat hinnen op den Tuer.

15/06/2022 Stroossenengelen: Matt den Engelen um Tour

Éier et eraus bei d'Famille geet, muss awer fir d'éischt mol Iessen agesammelt ginn. D'Stroossenengele kënnen do op d'Hëllef vun der Asbl Banque Alimentaire hei zu Lëtzebuerg a verschiddene Supermarchéen zielen déi hier net verkaafte Wuer zur Verfügung stellen. Mir ware mam Solange Schmit a sengem Partner, dem Patrick, um Tuer an hunn hinne bei hirer Aarbecht als Benevole iwwert d'Schëller gekuckt.

Hei kënnt Dir spenden:

Spenden Konto  Post Chèque  CCPLLULL  LU04 1111 7097 8435 0000
Stroossen Englen A.s.b.L.  72 rue de Gilsdorf   L- 9234 Diekirch