Soulaang ee jonk a virun allem nach fit ass, stellt ee sech wéineg Froen iwwert d'Ariichtung vu sengem Doheem. Wat ee méi al gëtt, wat engem awer ëmmer méi Geforequellen an deenen eegene 4 Wänn begéinen. Och wann et en 0 Risiko net gëtt, sou kann een dach well eng Partie Saachen doheem altersgerecht adaptéieren. Nicky Soisson.

23062022 Gutt a Form: seng Wunneng altersgerecht adaptéieren

Ugefaange mat der Accessibilitéit vun der Wunneng. Grouss Blummestäck oder soss Objeten déi vill Plaz am Gank anhuelen soll een am Beschten ewech huele well se onnëtz Hindernisser duerstellen. An da wier do och nach déi Saach mat den Teppecher. An dëst gëllt net nëmme fir de Gank mee och fir déi ganz Wunneng. Joana Valente, Ergotherapeutin bei der Croix-Rouge:
"Dat Allerwichtegst wier natierlech d'Teppecher all ewech ze huelen. Wann ee se net well oder kann ewech huelen, wier et am Beschte se ze fixéiere sou dass d'Persoun net riskéiert driwwer ze falen."

An der Buedzëmmer ginn et dann och nach e puer Saachen op déi een oppasse kann a soll wann ee säin Doheem well altersgerecht ariichten:

"Wann een eng Buedbidden huet, da sollt een Grëffer virgesi fir sech festzehalen an am Beschten och en Tapis antidérapant fir net ze falen. Dat Allerbescht wier natierlech eng douche italienne. Déi ass vill méi sécher, do huet een déi Gefor vun der Buedbidden dann halt net. Wat dann och interessant ass, dat sinn déi Toilettenerhéijunge fir op d'Toilette dropzesetze sou dass d'Persoun besser opkënnt well se normalerweis vill ze niddreg sinn."

Och fir d'Schlofzëmmer ginn et e puer Tipps. Nieft deem beléiften Teppech deen dacks beim Bett läit an deen een an dësem Fall och hei entweder ewech huelen oder fixéiere sollt, spillt awer och d'Héicht vum Bett eng Roll. Dëst sollt effektiv héich genuch si fir dass d'Persoun och gutt erauskënnt.

"Wat dann nach wichteg ass, dat ass den Nuetsdësch. Do sollt dann och ëmmer den Telefon, de Brëll, d'Waasser, alles wat wichteg ass, grëffbereet drop leien."

D'Beliichtung spillt dann hei, nieft dem Recht vun der Wunneng, eng wichteg Roll an natierlech soll déi betraffe Persoun dës och vum Bett aus steiere kënne fir net am Däischteren ze fale wa se opsteet.