D'Virunga Regioun, Zentralasien a Bhutan si Pilotregioune fir de Programm "Vanishing Treasures" a sollen net nëmme positiv Verännerungen op der Plaz bewierke ma och als Testprojet a Beispill fir aner Biergregiounen hierhalen. Duerch déi gesammelt Erfarungen steigert de Programm net nëmmen d'Bewosstsinn, ma och d'Wëssen iwwer den Zesummenhang tëscht Klimawandel, biologescher Diversitéit a wëllen Déieren, op internationaler Basis. Dofir ass ab haut eng interessant Expo zum Thema, am Biodiversum zu Rëmerschen. E weidert Déier dat hei an de Fokus réckelt, stellt d'Michèle Schons eis vir:  

24/06/2022 Vanishing Treasures - De royale Bengaleschen Tiger

Fréier hunn e puer Dausend Tigeren an Asie gelieft. An de leschten 3 Joerzéngten ass d'Tigerpopulatioun ëm ongeféier d'Hallschent dramatesch erofgaangen. Vum Kinneks- oder och Bengal Tiger, eng Ënneraart vum Tiger, ginn et der den Ament nach just 2500, vun deenen der 103 am Bhutan liewen. De Vanishing Treasures Programm setzt sech och fir hire Schutz an, Jessica Bitch, Spezialistin fir Biergbiodiversitéit, Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen:

Er steht an der Spitze der Nahrungspyramide und trägt massgeblich zum Gleichgewicht der Lebensräume bei, die er bewohnt. Tieger sind enorm anpassungsfähig und kommen sowohl in den Wäldern des Tieflandes als auch in den Bergregionen Bhutans bis zu einer Höhe von 4500m vor. Doch trotz seiner Anpassungsfähigkeit ist der majestätische Tiger stark gefährdet, vor allem durch den Verlust seiner natürlichen Lebensräume, den Rückgang seiner Beutetiere, und durch den Klimawandel. 

RTL

© Johannes Refisch

Den Tiger huet am Bhutan kulturell eng ganz grouss Bedeitung fir d'Populatioun a gëtt och dacks als Kraaftdéier veréiert. Mee trotz allem kënnt et ëmmer nees zu Konflikter tëscht dem Tiger an der lokaler Populatioun am Bhutan.  

Duerch de Klimawandel kënnt et an de Biergregiounen ëmmer nees zu Drécheperioden, wat dozou féiert dass Waasserplazen déi den Tigeren d'Méiglechkeet bidden ze drénken, ausdréchnen an déi dann op der Sich nom Waasser ëmmer méi no un d'Dierfer kommen. Ein weiterer Faktor ist der Rückgang offener Graslandschaften, zum Beispill durch eine veränderte landwirtschaftliche Bewirtschaftungsweise. Diese Graslandschaften sind jedoch für den Tiger elementar um seiner Beute aufzulauern und sie zu jagen.

RTL

© BTC DoFPS

De Programm vu Vanishing Treasures fiert den Usaz fir d'Resillienz vun der Natur, den Ökosystemer an de wëllen Déieren, wéi och vun der lokaler Populatioun, géigeniwwer dem Klimawandel z'erhéijen fir Konflikter tëscht Mënsch a wëllem Déier ze miniméieren. Zum enge leeft dat iwwer Tiger-Monitoring a Klimaanalysen, wat dozou bäidréit, d'Auswierkunge vum Changement, esouwuel op d'Tigeren an och op de Mënsch, besser ze verstoen.

 

RTL

© Vanishing Treasures