Vum Fuuss iwwert d'Dauf bis bei de Wäschbier an esouguer d'Chameleon, zu Diddeleng gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. D'lescht Joer krute ronn 4.000 Déiere vun der Equipe aus Professionellen a Fräiwëllege gehollef. Ob et dëst Joer rëm esou vill wäerte sinn, ass nach net gewosst, bis Juli sinn awer well ongeféier 1.700 Déieren zu Diddeleng passéiert. De Summer ass d'Haaptsaison an d'Leit vun natur&ëmwelt hunn am Moment all Hänn voll ze dinn. Normalerweis dierfe just Schoulklassen an d'Statioun, fir do eppes iwwert de richtegen Ëmgank mat wëllen Déieren ze léieren. Fir eisen RTL-Reporter Marc Hoscheid gouf eng Ausnam gemaach an hien huet sech sur place e Bild vun der Aarbecht an der Opfänkstatioun gemaach.

04/07/2022 An der Opfänkstatioun zu Diddeléng