An der Opfänkstatioun zu Diddeleng gëtt sech em eng Abberzuel vu ganz verschiddenen Déiere gekëmmert, dorënner och eng Partie Vullen. De Sproch mam fréie Vull an dem Wuerm erspuere mer eis lo, mee mir ginn nach eng Kéier op Diddeleng bei eisen RTL-Reporter. Do huet de Marc Hoscheid sech nämlech derfir interesséiert, wéi een sech verhale soll, wann ee beispillsweis am Bësch kleng Villercher um Buedem fënnt. Well och wann een et just gutt mengt, net all Villchen, deen um Buedem setzt, braucht och wierklech Hëllef. An all d'Kazefrënn musse lo ganz staark sinn, well och dee léifste Stubentiger kann zur Gefor ginn.

04/07/2022 An der Opfänkstatioun: Gutt gemengt ass net emmer gutt gemaach