Am Joer 1847 gouf d'Tabakfabrik Heintz van Landewyck gegrënnt. Laang Zäit gouf zu Hollerech an och zu Ettelbréck produzéiert, ma zanter 2020 huet een nei Produktiounshalen um Fridhaff. Op engem Terrain vun 62.000 Metercarré an 33.000 Metercarré Raimlechkeeten huet sech de Lëtzebuerger Zigaretteproduzent néiergelooss. Eisen RTL Reporter ass haut de Moien op hirem Site ënnerwee a kuckt hannert d'Kulissen. Den éischte Stopp mëscht de Loïc Juchemelo do, wou um fréie Moie scho richteg vill Kaméidi ass.

29/06/2022 Heintz Van Landewyck: E Besuch an der Zigarettefabrik

Den Armand Theis an d'Nathalie Stoffel schaffen an der Produktioun bei Heintz Van Landewyck an am Interview zielen si ons méi iwwert hier Aarbecht.

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL