Et ass zwar net gesond an et soll een et och net maachen, mee et ginn nach ëmmer vill Leit déi fëmmen. Soulaang Leit fëmmen, ginn och Zigarette produzéiert. Hei zu Lëtzebuerg hu mir d'Firma Heintz van Landewyck, déi Zigarettemarke wei Ducal, Elixyr oder Maryland op de Marché bréngen. De Loïc Juchem ass de Moien an hire Produktiounshalen ënnerwee an ass scho gewuer ginn, datt se eng ronn 30 Milliounen Zigaretten den Dag hierstellen.

29/06/2022 Heintz Van Landewyck: D'Opbereedung vun den Zigaretten

De Jean-Marc Bonifas schafft an der Opbereedung a verschafft sämtlech Tubaks-Blieder. Am RTL-Interview zielt d'Sylvie Winandy eis dann och, datt de meeschten Tubak aus Brasilie kënnt.

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL