Ëmmer méi Regiounen op der Welt leiden ënnert extreme Bëschbränn. D’Äerderwiermung heizt dës zousätzlech un. An esou stéisst d'Feierbekämpfung op verschiddene Plaze op der Welt un hier Limitten - ma eng al Iddi kéint eventuell hëllefen - oder awer net? D'Nicky Soisson mat den Detailer.

21062022 Feier geint Feier

D'Brandsaison an der Natur fänkt well ëmmer éischter un. Am Mëttelmierraum, Kalifornien oder souguer a Sibirien – d’Bränn ginn ëmmer méi extrem a maache riseg Bëschfläche futti. Och d’Trope stoungen an de leschte Joren ëmmer erëm a Flamen. Hei am Land hu mir zwar manner mat klassesche Bëschbränn ze kämpfen, mee vill méi mat sougenannte Flächebränn, dat heescht Wisen a Felder déi Feier fänken.

D'Ursaachen dovunner sinn ënnerschiddlech wéi d'Catherine Lux, Chef d’Unité vun der Formatioun vum CIS Esch-Uelzecht erkläert:
"Aktuell weisen alleguer d'Tendenzen, hei bei eis wéi och bei eisen direkten Noperen a Mëttel- bis Nordeuropa, dass de Risiko vu Vegetatiounsbränn duerch de Klimawandel klëmmt. Dass de Risiko klëmmt, heescht net, dass och d'Office d'Zuel u Bränn klëmmt, dofir mussen nämlech och eng ganz Partie aner Konditiounen, nieft de Meteoskonditiounen erfëllt sinn. D'Zort vun de Planze spillt do eng wichteg Roll awer och hiren Zoustand, d'Form vum Terrain kann eng ganz wichteg Roll spillen. An am Endeffekt fir dass et ufänkt mat brennen, brauch een natierlech och eng Zündquell an do ass de Mënsch nach ëmmer mat den Haptverursaacher vun de Vegetatiounsbränn."

Fréier huet een, fir esou Vegetatiouns- a Bëschbränn virzebeugen, d'Ënnerholz, dat wéi e Brandbeschleuneger wierkt, kontrolléiert ofgebrannt. Dat gëtt awer elo scho well säit enger Rutsch vu Joren net méi gemaach. Brandekonome sinn der Meenung, datt een dës Joerhonnert al Brandkultur nees ophuele misst fir esou riseg Bränn ze vermeiden.

Buedemfeier am Bësch ass hei am Land awer iwwert den Artikel 17 vum Naturschutzgesetz verbueden. An dat huet och säi Grond, Martine Neuberg, Chef de service vum Service des forêts vun der anf:

"D'Verbrenne vun der Buedemvegetatioun mécht natierlech och, dass all aner Liewewiesen ofstierwen an dat ass nefaste fir den Ökosystem Bësch."

Mol ofgesinn dovunner, dass Feier an eisen Ökosystemer, am Géigesaz zu anere Kontinenter, keng Roll fir déi natierlech Verjéngung vun de Bestänn spillt. Generell heescht et dann och weiderhin bei waarmen Temperaturen net mam Auto oder Moto iwwert Wisen oder Felder ze fueren an och säin Auto net op deene Plazen ze parken. Dass ee keen oppent Feier mécht a keng Zigaretten, Glasfläschen a Schierbelen an d'Natur geheie sollt, misst eigentlech jo mëttlerweil jidderengem kloer sinn.