Dir sidd jonk, engagéiert a motivéiert a wëllt Iech fir d'Rechter vun de Kanner a Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt staark maachen? Da sidd Dir bei UNICEF Lëtzebuerg genee richteg, Nicky Soisson.

30062022 UNICEF Youth Ambassadors

Zanter 4 Joer schafft d’UNICEF Lëtzebuerg elo well mat Jugendlechen hei am Land zesummen, déi hir eege Projeten ausschaffen an sech fir d’Rechter vun de Kanner asetzen. Als sougenannte Youth Ambassadors sensibiliséieren dës Jonk iwwer d’Erausfuerderunge vun de Kanner uechtert d’Welt a maache sech fir d’Chancëgläichheet vun all Kand staark. Donieft fuerdere si aktiv an Entscheedungen agebonnen ze ginn. Firwat een hei op de Wee gaangen ass jonk Leit aktiv mat anzebannen, weess de Paul Heber, Responsabel vun der Communicatioun bei UNICEF Lëtzebuerg erkläert:

"Op der ganzer Welt ginn et jo eng ganz Rei Kanner a Jugendlecher déi sech fir eng besser Zukunft asetzen, mir gesinn dat ganz vill, a mir wëllen dat och encouragéiere fir dass déi Jonk dat och zu Lëtzebuerg kënne maachen an esou siche mer da reegelméisseg Jugendambassadeuren oder Youth Ambassadors déi sech dann e Joer laang zu Lëtzebuerg fir en Thema kënnen asetze wat hinne besonnesch um Häerz läit."

All Jugendlechen ass wëllkomm. D'Viraussetzung fir als Youth Ambassador bei UNICEF Lëtzebuerg matzewierken, ass virun allem d'Loscht sech fir eppes anzesetzen:

"Et muss een och Loscht hu wierklech eppes un der Welt ze veränneren. Mir grommelen alt "dat hei klappt net, dat do klappt net" a mir gesinn ebe bei deene Jonken extrem groussen Asaz, positiven Asaz. Déi gesinn d'Welt vill méi positiv wéi een dee vläicht schonn e bëssi méi laang hei um Planéit seng Ronnen dréint. An dat ass ebe ganz wichteg, dass een dat huet: déi Positivitéit, déi Loscht un der Gesellschaft deelzehuelen fir eben och eng Kéier als Erwuessenen aktive Member vun eiser Gesellschaft ze ginn."

An esou gi Jonker gesicht déi sech kënne staark maache fir dann och e bëssi d'Jugendstëmm hei zu Lëtzebuerg ze representéieren.

"Et seet ee jo ëmmer d'Kanner sinn eis Zukunft. Ma da muss ee se och e bëssi schwätze loossen. Dat ass fir eis, als UNICEF, natierlech ganz wichteg."

Hei kritt een dann d'Méiglechkeet fir sech fir d’Kannerrechter ze mobiliséieren an nei Aktiounen ze lancéieren. Jidderee ka Virschléi maachen an eegen Iddien ëmsetzen, zum Beispill a Form vun Televisiounsoptrëtter, Radiosinterviewen, Zeitungsartikelen, Podcasten, Sensibiliséierungsstänn, Eventer a Social Media Posts.

Jiddereen deen tëscht 14 an 18 Joer jonk ass an ab September Zäit huet sech fir ee Joer (erneierbar) ze engagéieren, ka sech nach bis den 3. Juli mellen, an zwar hei:

An hei fannt Dir d'Aktivitéiten an Highlighte aus de leschte Joren: