Dir sidd jonk, hutt de Kleederschaf voller Saachen hänken déi Iech net méi passen oder gefalen an Dir sicht eng flott Geleeënheet dëse Kleeder en 2. Liewen ze schenken an deems Dir se verkaft? Dann dierft dëse flotten Event Iech sécherlech interesséieren, gell Nicky Soisson?

30062022 Unicef Thrift Event zu Dummeldeng

Den 10. Juli steet d'Drescherhaus zu Dummeldeng ganz am Zeeche vun der Ëmwelt respektiv vum Secondhand fir Kleeder. Organiséiert vun de Jugendambassadeure vun UNICEF Lëtzebuerg, soll dësen Event deene Jonken d'Méiglechkeet ginn op där enger Säit Plaz an hirem Kleederschaf ze maachen a sech op där anerer Säit nei mat Secondhand Kleeder anzekleeden.

De Paul Heber, Responsabel vun der Communicatioun vun UNICEF Lëtzebuerg erkläert wéi d'Iddi entstanen ass :

"Dat Ganzt ass eben e bëssi draus gewuess, dass eis Jugendambassadeuren déi sech wierklech fir de Klima interesséieren, sech dann och geduecht hunn: wa mer eppes fir eis Ëmwelt wëlle maachen, da musse mer och un eist Konsumverhalen denken. A fir si huet et dann eben op der Hand geleeën deen Event ze organiséieren an awer och anere Jonken d'Méiglechkeet ze gi fir do kënnen ze participéieren ouni awer Jugendambassadeur mussen ze sinn."

Hei ka jidderee säin eegene Verkafsstand organiséieren, dat fir  20 Euro déi da fir e ganz prezise Projet benotzt ginn dee mam Numm „Conceptos Plasticos“ gedeeft gouf.

"Dat ass e Projet an der Côte d'Ivoire wou eigentlech e risege Plastiksëmweltproblem ass, mat Plastikstuten déi iwwerall ronderëm leien. An déi ginn agesammelt a mat engem ganz innovative Prozedere ginn aus deem Plastik Zille gemaach a mat deenen Zille ginn nei Schoule gebaut."

D'Sue vum Verkaf vun hire Kleeder dierfen déi Jonk selbstverständlech halen.

Ma net nëmme Kleederstänn fënnt een dee Sonndeg am Drescherhaus zu Dummeldéng. Och Gedrénks, Snacks an en DJ Set suerge fir déi richteg Stëmmung. Donieft gëtt et och nach eng Tombola fir Fair Fashion Präisser ze gewannen

Méi Informatiounen an Umeldung fir e Verkafsstand: