Wie behaapt hei zu Lëtzebuerg wier näischt lass am Summer deen iert sech. Dat weist och eise gutt gefëllte Summeragenda an deem mir Iech all Dag eng aner Aktivitéit oder Event virstellen. Sou och haut wou d'Nicky Soisson Iech e klengen Abléck an de Summerprogramm vum regionalen Tourismusverband Zentrum-Weste gëtt.

07082022 Summeragenda Guided Summer Tours

An dee war, wéi all Joer, erëm richteg aktiv an huet, zesumme mat senge Partner nees e ganz flotte Programm op d'Been gestallt. Nach bis den 10. September kann ee sech hei effektiv nach bei enger ganzer Rutsch Aktivitéiten umellen. An do ass doudsécher fir jiddereen eppes dobäi. Opgedeelt sinn dës "Guided Summer Tours" a 5 verschidden Themeberäicher, Katrin Maus vum regionalen Tourismusverband Zentrum-Westen:

"Dat heescht den Afterwork en Dënschdeg an en Donneschdeg sech speziell un Erwuessener riicht déi gären eppes an hirem Feierowend, no hirer Aarbecht, maache wëllen. Dat geet vu kreative Workshoppe bis hinn zu Degustatiounen an och Besichtegungen. Dann hätte mer den Entdeckermëttwoch, dat ass de Programm dee sech un déi ganz Famill riicht an déi  d'Entdeckerhäerz méi héich schloe loossen."

Weider geet et da mam déiereschen Donneschdeg:

"Dës Toure loosse virun allem d'Kanner interessant, do léieren d'Kanner och op eng spilleresch Aart a Weis an och andeems se mat den Déiere schaffen, bei den Déiere sinn, se heemele kënnen, se fiddere kënnen, léiere se och méi iwwert d'Déierewelt hei zu Lëtzebuerg." 

Ganz mystesch geet et Freides am Programm vun de "Guided Summer Tours" weider:

"Do hunn d'Leit d'Chance d'Guttland am Däischteren ze entdecken. Do bidde mer virun allem spannend Touren un déi bei Sonnenënnergang stattfannen oder, wéi gesot, ganz am Däischteren an owes spéit."

A fir sech e bëssi vun der Woch ze erhuelen an de Stress ze vergiessen, organiséiert de regionalen Tourismusverband Zentrum-Westen, zesumme mat senge Partner, Samschdes méi e relaxe Programm. Dat ënnert dem Numm "Slow Samschdeg":

"Do bidde mer virun allem gemittlech Touren un, roueg Touren a virun allem vill an der Natur u wat ganz berouegend ass an de Stress reduzéiert."

Fir all dës Touren muss ee sech awer am Viraus umellen. D’Plaze sinn dann och begrenzt an verschidde Visitten sinn eventuell och well ausgebucht.