Déi mëttlerweil 14. Editioun vum Museksfestival "Congés annulés" an de Rotondes geet well a seng 2. Woch. Nicky Soisson.

08/08/2022 Summeragenda Déi 2. Woch vum Museksfestival Congés annulés

Lass geet déi 2. Woch den Owend mat der Projektioun vum Dokumentaire "The War is never over" deen ëm d'Lydia Lunch dréint, enger New Wave Ikonin aus de 70 er Joren. Net verpasse soll een dës Woch awer ënnert anerem d'Grupp "Odd Couple" aus Däitschland. Véronique Heitz, Responsabel fir d'Presserelatioune bei de Rotondes:

"Dat ass en Duo dee sech selwer net all ze seriö hëlt, et ass zimmlech decaléiert. Am Beschte kann ee sech vun hinnen de Song "Dübelmann" ulauschteren, do fënnt een de Video op eiser Websäit an dee gëtt e bëssi sou en Avant-goût wat een do sou erwaart."

Als Opening Act spillt hei d'Lëtzebuerger Band "First Mote". No engem DJ Set en Donneschdeg geet et e Freideg da weider mat enger Soirée dobaussen um Parvis.

"Do kann nees eng Kéier gutt gedanzt ginn an zwar mat TEKE::TEKE. Dat ass eng Band déi sinn zu Montreal baséiert an hier Musek ass am Fong eng Fusioun vu verschiddene Genren. Se huet e japaneschen Touch, et sinn awer och sou punkesch Gittaren dran, psychedelic, surf Rock."

Den Optakt vum Owend mécht och hei nees eng Lëtzebuerger Band an zwar  "No Metal in this Battle", en Afro post Punk Quartett aus Lëtzebuerg dee ville Leit wäert e Begrëff sinn. E Sonndeg maachen d'Concerten da nees eng kleng Paus.

"Stattdesse proposéiere mer e Pique-nique an der Stad, dat ass eisen "Urlaub zuhause". Am Fong ass do d'Iddi, dass d'Leit déi dëse Summer doheem sinn awer e bëssi an de Vakanzefeeling kommen. An zwar kann ee sech do um Parvis vun de Rotonden gemittlech an engem Ligestull installéieren, et kann een dem Sound vun den DJen nolauschteren a bei der Buvette kann een och e Pique-nique Kuerf reservéieren an dee bitt fir Grouss a Kleng en Assortiment vun Iessen a Gedrénks mat séissen a salzegen Optiounen un an och enger Fläsch Cremant oder Rosé."

Säi Pique-nique Kuerf soll een allerdéngs well virum 10. August per Mail bei der Buvette vun de Rotondes reservéieren! d'Email Adress heivir fënnt een op rotondes.lu.