D'Picadilly Wäifest misst wuel jidderengem an Tëschenzäit well e Begrëff sinn. Dëse Weekend feiert d'Wäin- a Wënzerfest zu Stadtbriedemes well seng 65. Editioun. Nicky Soisson.

09082022 Summeragenda Picadlly zu Stadtbriedemes

Nodeems ee fir déi 2 lescht Joer innovéiert hat an eng Alternative zum traditionelle Fest ugebueden huet mam "Picadilly um Tuer", freet ee sech dëst Joer de Picadilly endlech nees kënnen an der gewinnter Form ze organiséieren. Den Ursprong vum Picadilly geet bis an 1950 er Joren zréck wou een dat 1. Wäin- a Wënzerfest zu Briedemes organiséiert huet. De Picadilly selwer koum awer réischt 20 Joer méi spéit, Nico Vesque, President vum Syndicat d'Initiative vu Stadtbriedemes:

"De Picadilly ass u sech an de 70 er Joren als Produkt gemaach ginn an zanter deem huet dat sech eben esou entwéckelt, dass dat haut d'Picadilly Fest ass an dass mer elo eben dëst Joer déi 50. Editioun vum Produkt feieren."

Grond genuch deemno dëse Weekend en Tierchen op Briedemes maachen ze goen. Lass geet et hei e Freideg Nomëtteg ab 18 Auer mam Afterwork éier dann Owes um 22 Auer déi grouss Picadilly Party lass geet. E Samschdeg den Owend geet d'Picadilly Party dann an déi 2. Ronn. Sonndes ass et dann de Familljendag mat Kanneranimatiounen an deem traditionelle Concert vun der Escher Musek Nomëttes um 16 Auer.

Um Picadilly ass deemno fir jiddereen eppes dobäi, och souguer fir déi déi vläicht net sou frou mam Picadilly Gedrénks sinn. Steff Marx, Vize-President vum Syndicat d'Initiative vu Stadbriedemes:

"Mir hu 15 verschidden qualitativ héichwäerteg Wäiner déi mir ubidden a souguer bei dësen Temperature gëtt et dëst Joer e Béierchen ze drénken, déi 1. Kéier säit 65 Joer, dass et zu Briedemes dann och e Mini gëtt. Vum Programm hier hu mer och fir all Alterskategorie eppes dobäi. Mir hunn och déi 3 Deeg e grousse Foodvillage wou d'Leit kënnen Owes iesse kommen an ebe Sonndes och Mëttes."

Fir sécher dohinner a virun allem dono och heem ze kommen, ginn et och dëst Joer nees Navetten: 

"Do schaffe mer scho jorelaang mam Voyages Emile Weber zesummen deen 10 Navetten duerch bal dat ganzt Land organiséiert an déi och wierklech am Stonnentakt fuere sou dass een do all Méiglechkeeten huet wéini een dohinner a wéini een heem wëll."

Well déi Navette awer elo och net bei jiddereen heem fuere kann, bitt een zousätzlech awer och nach eng Busaktioun u wou een all d'Detailer op picadilly.lu fënnt.

"Well wann Äert Duerf net ugefuer gëtt, da kënnt Dir Iech bei eis mellen. Wann Dir als Club e Bus organiséiert, da leeë mir bis zu 50% bei Äre Bus bäi."

Fir déi déi awer net op hiren Auto verzichte wëllen, ginn et wéi gewinnt och sur Place genuch Parkméiglechkéiten. An deem Sënn: don't be silly, rendez-vous dëse Weekend um Picadilly!

RTL