De mëttlerweil beschtbekannten e-Lake festival ass dëse Weekend nees zréck um Iechternacher Séi. Déi well 25. Editioun vum "e-Lake" bitt och dëst Joer nees e variéierte Programm dobaussen an der fräier Natur an dat wéi ëmmer mat gratis Entrée. Nicky Soisson

10082022 Summeragenda e-Lake festival zu Iechternach

D'Geschicht vum e-Lake geet zréck an d'Joer 1983 wou de Festival säin Ursprong fonnt huet. Deemools huet et dem Club des Jeunes zu Iechternach un Attraktioune gefeelt an esou huet een decidéiert e Summerfest vun 3 Deeg op d'Been ze stellen. Nodeems d'Konzept vun dësem Fest den Uspréch net méi gerecht gouf, huet sech vun 1996 un e Museksfestival mam Numm "Open Air Party" entwéckelt. De Succès ass iwwert d'Joren ëmmer méi grouss ginn an et huet een de Festival als e-Lake" ëmgedeeft. Zanter deem probéiert d'Asbl "e-Lake" all Joer dat bescht bekannte Konzept vum Event ëmmer weider ze verfeineren an nei Attraktiounen unzebidden. Sou ass och dëst Joer nees fir e gutt gefëllte Museksprogramm gesuergt, Jempi Hoffmann, Pressespriecher vum e-Lake festival:

"Freides geet et lass mat Live Concerten op 2 Büne wou mer Headliner hu vu Lëtzebuerger Bands wéi "de Läb" zum Beispill, awer och international Headliner wéi "Die Orsons", d'"Antilopen Gang" an "257er". Dat heescht mir hunn do eng grouss Panoplie vun nationalen an internationale Bands."

E Samschdeg geet et da Nomëttes ab 15 Auer weider an dat mat 12 Stonnen, non stop, elektronescher Musek.

"Och do hu mer national Headliner wéi de Waztoo awer och international Stare wéi de Paul van Dyck. Ech mengen hien ass ee vun deene bekanntsten DJen op der Welt a mir sinn immens houfreg, dass hien erëm op Iechternach wäert kommen."

Den 3. Dag vum Festival, also e Sonndeg, ass éischter e Familljendag hei um Séi. Hei wäerten dann och haaptsächlech Lëtzebuergesch Bands optrieden. Mat dobäi si bescht bekannte Gruppe wéi d'Toxkäpp, d'Hunneg Strëpp oder Schëppe Siwen.

Deen dee well, kann direkt fir 3 Deeg um Séi bleiwen well och dëst Joer gëtt et nees Campingméiglechkeeten sur Place.

"En ass e bëssi op enger anerer Plaz mee en ass trotzdeem nach ganz no beim Site an um Camping kritt een och non stop Iessen an Drénken an eisem Shop ze kafen sou dass fir déi Leit déi do schlofen beschtens gesuergt ass."