Op ville Plazen an Europa ass et zanter Woche richteg waarm an och d'Waassertemperaturen am Mëttelmier zéien un. Dat ass immens flott fir elo an deene Géigende Vakanz ze maachen, kann awer am Hierscht zu vill Reen an och mol méi heftege Wiedere feieren. De Fabian Ruhnau vu Kachelmann Wetter huet eis am RTL-Interview méi Detailer dozou ginn.

11/08/2022 Waassertemperaturen an Europa

Op ville Plazen an Europa ass et zanter Woche richteg waarm an och d'Waassertemperaturen am Mëttelmier zéien un. Dat ass immens flott fir elo an deene Géigende Vakanz ze maachen, kann awer am Hierscht zu vill Reen an och mol méi heftege Wiedere feieren. De Meteorologen no misst een och kloer soen, datt d'Temperature vum Waasser den Ament einfach ze héich sinn. Besonnesch ronderëm d'Balearen huet een Temperature vu bis zu 30 Grad. Well d'Baussentemperaturen iwwert dem Duerchschnëtt louchen, sinn déi vum Waasser automatesch och méi héich. Zum Deel sinn dat bis zu 6 Grad méi wei amDuerchschnëtt.
 
Fabian Ruhnau:

Man muss sich dass mal vorstellen, dass die Temperaturen aktuell vielerorts 27 bis örtlich eben 30 Grad haben. Diese Temperaturen sind schon vergleichlich mit der Karibik, wo wir ähnliche Temperaturen haben.

Fir d'Vacancieren ass dat elo natierlech ideal, mee och de Wand dee vum Mier bléist ass doduerch vill méi waarm an ass manner erfrëschend. Dernieft klëmmt och de Risk vu staarkem Reen a vu Stierm.
 
Fabian Ruhnau:
Anders kommt hinzu  jetzt im Herbst nimmt die Teifdruckaktivität generell immer über dem Mittelmerraum zu, es beginnt im September, dann auch im November und Dezember. In diesem Zeitraum kommen vermehrt Tiefdruckgebiete über dem Mittelmeer auf. Desto höher die Temperatur dann ist, desto höher ist auch die Unwettergefahr. Dies bedeutet, dass die Tiefdruckgebiete stärker werden können und es kann starke Stürme über dem Mittelmeer geben. Diese Stürme sehen aus wie Hurricanes und man nennt sie Medicanes. Gleichzeitig wird auch die Gefahr von heftigem Starkregen steigen. Die Energie aus dem Wasser muss nämlich irgendwo hin und die geht dann teilweise in heftigen Regen und Gewitterwolken über. Man muss damit rechnen, dass die Gefahr von Überschwemmungen und starkem Regen im Herbst im Mittelmeerraum steigen wird.

Op ville Plazen ass d'Waasser also gutt waarm, wann een et awer gäre méi frësch an agreabel hätt, da muss een a Frankräich an d'Vakanz. Aktuell huet d'Waasser bei Marseille nëmmen 23 bis 24 Grad. Op anere Plazen ass d'Waasser scho bal eng Zopp.


Fabian Ruhnau:
Rund um Mallorca sind aktuell die höchsten Temperaturen, das Wasser hat dort aktuell 30 Grad. Dann haben wir auch besonders hohe Tempraturen zwischen Sizilien und Sardinien, auch dort ist das Wasser recht warm mit 29 bis 30 Grad. Die Adria ist auch warm, 26 bis 27 Grad.

Dir hutt also elo d'Qual der Wal, gutt waarm oder éischter méi frësch? Vläicht ass d'Waassertemperaturen elo e Grond fir sech fir eng last-minute Destinatioun ze entscheeden.